Radioen

On air

Resonanzen  |  Resonanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déifferdeng: Diskussiounen ëm Foyere fir Refugiéen

Gesellschaft

Déifferdeng: Diskussiounen ëm Foyere fir Refugiéen

Zu Déifferdeng ginn et e puer Foyere fir Refugiéen. Verschidde Leit sinn am ale Schwësterenhaus, nieft dem ale Spidol ënnerbruecht. Dat Gebai wier an engem desolaten Zoustand, soen déi Gréng vun Déifferdeng. D‘Gebai misst komplett sanéiert ginn.

auto_stories

1 min

Well awer ronn 60 Persounen an deem Foyer liewen, misst een hinne wärend den Ëmbau-Aarbechten eng Alternativ ubidden. Déi Gréng proposéieren d‘Leit net wäit dovunner ewech, an déi al Maternité ëmzequarteieren, déi war 2021 nach komplett sanéiert ginn. Wuel wëllt déi Déifferdenger Gemeng ee Schoulkomplex do installéieren. Bis datt déi Aarbechte kënnen ufänken, kéint een déi al Maternité notzen, fir do d‘Flüchtlinge provisoresch ënnerzebréngen, seet de Maxime Pantaleone vun den Déifferdénger Gréngen.

"Mir hunn am drëtte Gebai - dat heescht al Maternité - mee et ass eigentlech fuschnei bannendran. D‘Gebäi gouf 2021 komplett nei gemaach. D'Kichen ass och nei a mir haten d'Méiglechkeet kucken ze goen an hei hu mer einfach eng Opportunitéit, fir déi Zäit, ier se hei ufänke mat bauen, fir d'Refugiéen aus deem alen futtisse Gebai erauszehuelen, fir se an déi Maternité, ëmzesiedelen. Dat si fofzeg Meter wäit fort an da kéint d'ONA oder d'Caritas dat Gebai frësch maachen, et sanéieren, fir eebe Flüchtlingen à long terme kënnen dobannen ze halen. An dann ier de Schoulcampus dann ugeet, kënne se d'Refugiéen zerécklogéieren an da kënne se de Schoulcampus bauen."