D'Liliane Ferron, Porte Parole vum Déierenasyl zu Gaasperech bedauert, datt si den Ament iwwerfëllt sinn. Bal 80 Muppen si grad am Déierenasyl, opwuel d'Kapazitéite just fir 74 duergeet. Doduerch mussen der vill op eng Waardelëscht gesat ginn.
Firwat et zu dëser Situatioun koum, wier schwéier ze beäntwerten, erkläert d'Liliane Ferron.
"Ech menge mer hunn d’Folleg e bësse vun der Pandemie, datt mer ganz vill Hënn era kritt hunn, well d’Leit sech déi Hënn ugeschaaft hunn an elo erëm en normaalt Liewen hunn, Leit gi schaffen, d’Kanner an d’Schoul, den Hond sëtzt dann 8 bis 10 Stonnen eleng do. Dat ass vläicht net grad ubruectht fir de Mupp.”
Hausdéiere si kee Kaddo
E weidert Phenomen ass, datt Hausdéieren als Cadeau geschenkt ginn. Grad fir d'Chrëschtdeeg, ouni sech iwwer Konsequenzen dovu bewosst ze sinn.
“Perséinlech hat ech och vill leit um Telefon, och d’Kolleeginnen: Ok, d’Kënni wëll elo en Déier, kënne mer vläicht eng kleng Käzelchen ënner de Beemche setzen oder vläicht en Hond. Ab do si mer dann natierlech e bësse streng. E liewegt Déier ass kee Geschenk oder et soll een dat scho ganz gutt besprach hunn doheem, datt déi Decisioun och getraff ass. Mee do si mer ganz dogéint.”
Eng 1.000 Déiere ginn all Joer am Déierenasyl an an aus. D'Personal bënnt sech natierlech och un déi Déieren a wann eent da vermëttelt gouf, wier dat mat engem laachenden a mat engem kräischenden Aen. Trotzdeem wier een ëmmer frou, wann déi richteg Persoune fir d'Déiere fonnt goufen.