Radioen

On air

9 bis 1  |  Franz Ferdinand - No You Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Entwécklungs-ONGe musse méi enk zesummeschaffen

Cercle de Coopérations des ONGD

D’Entwécklungs-ONGe musse méi enk zesummeschaffen

D'ONGen aus dem Beräich vun der Entwécklungshëllef hunn e schwieregt Joer hannert sech. Dat läit net just um Finanzskandal bei der Caritas. Nieft der Angscht, datt d'Donen dowéinst kéinten abriechen, hunn d'Kooperatiouns-ONGe sech och Suergen ëm d'Finanzéierung vun hirer Sensibiliséierungsaarbecht gemaach.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Dozou gehéiert zum Beispill d'Opklärung, déi d'ONGen an de Schoule maachen. Déi Aarbecht gëtt zum groussen Deel mat staatleche Sue finanzéiert. De Kooperatiounsminister Xavier Bettel hat awer kuerz no sengem Amtsuntrëtt ze verstoe ginn, hie wéilt dee Finanzéierungsmodell iwwerdenken. Dat huet fir vill Opreegung am Secteur gesuergt, seet d'Nicole Ikuku, d‘Directrice vum Cercle vun de Kooperatiouns-ONGen.

Zesummenaarbecht kann eng Plus-value hunn...

Elo wier een awer nees méi sécher. Dat well de Minister hinne mëttlerweil zougeséchert huet, datt de Budget fir hir Sensibiliséierungsaarbecht net wäert gekierzt ginn.

Et muss een allerdéngs vun elo un aner Krittären erfëllen, wann een en Deel vun deene Sue wëll kréien. Déi gréisst Ännerung ass, datt keng Projete vun eenzelen ONGe méi finanzéiert ginn. Déi verschidden ASBLe mussen elo also zesummeschaffen, wa si Sue vum Staat wëlle kréien.

"Och wa se virdru schonn Aktivitéiten oder Projeten zesumme gemaach hunn, elo musse se wierklech e ganze Projet zesummen opstellen a kucke wat fir eng Plus-value bréngen ech, wéi eng Realitéiten, wéi eng Expertise, wéi eng Aktivitéiten."

... awer och fir Frustratioun suergen

De Cercle vun de Kooperatiouns-ONGe gesäit dës verstäerkt Zesummenaarbecht als Chance fir der Entwécklungshëllef méi Gehéier ze verschafen. D‘Nicole Ikuku mécht awer och op Risiken opmierksam: Fir déi eenzel ONGe wier et nämlech schwiereg, hir Spezialitéiten anzehalen, well se sech musse mat den aneren ONGen eens ginn.

"Deen ee wëll da vill méi fuerderen, wëllt och vill méi vläicht Opruffe maachen an deen anere wëllt vill méi neutral bleiwen a just déi verschidde Vuë presentéieren a keng Fuerderungen."

Da kéint da fir Frustratioun suergen, gëtt d'Nicole Ikuku ze bedenken.

Verschidde Projete kënnen net an Zesummenaarbecht gemaach ginn

Fir datt déi Frustratiounen um Enn awer net iwwerhand huelen, schwätzt den Daachverband vun den Entwécklungs-ONGe sech dofir aus, datt an engem Joer en Tëschebilan gezu gëtt, fir ze kucke wéi gutt deen neie System funktionéiert a wat eventuell nach muss ugepasst ginn. 

D‘Nicole Ikuku ass der Meenung, datt et och Projete ginn, déi net kënnen an Zesummenaarbecht ëmgesat ginn, well se vill ze spezifesch oder ze technesch sinn. An deene Fäll sollen d‘ONGen d‘Recht behalen, déi Projeten trotzdeem ëmzesetzen. 

Wéi gespréichsbereet de Kooperatiounsminister op deem Punkt ass, kéint sech den 12. Februar weisen. Do soll de Xavier Bettel an der Chamber erklären, wéi hie sech d'Sensibiliséierungsaarbecht vun den Entwécklungs-ONGen an Zukunft virstellt.

Lauschterenplay_arrow

Finanzskandal vun der Caritas huet net zu Abroch vun Donen un ONGe geféiert

D'Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGe kruten d'lescht Joer iwwerdeems ongeféier d'selwecht vill Done wéi an de Jore virdrun. Dat geet aus enger Ëmfro ervir, déi den Daachverband vun den ONGen an de leschte Méint bei senge Membere gemaach huet.

De Cercle de Coopération hat seng Member-Organisatioune gefrot d'Spenden, déi si an de leschte Joren am Mount Dezember kruten, mateneen ze vergläichen.

Anescht wéi d’ONGe gefaart hunn hätt de Finanzskandal bei der Caritas deemno net zu engem Abroch bei den Done geféiert, esou de President vum Cercle, de Luc Siebenaller, op eis Nofro hin.