Déi zoustänneg CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez hat sech ënner anerem op deen Avis beruff fir sech géint eng Verlängerung vum Delai auszeschwätzen.
D'Regierung ass bereet déi obligatoresch Reflexiounsphas vun dräi Deeg virun engem Schwangerschaftsofbroch ofzeschafen. Den Delai bannen deem Schwangerschaftsofbréch méiglech sinn, wëllt d’CSV-DP Koalitioun awer net verlängeren. D'Ethikkommissioun gesäit och keng Plus-value an esou enger Verlängerung, esou den Daniel Becker, Vizepresident vun der Ethikkommissioun.
"Als Alleréischt géife mir mol d'Fro stellen, firwat vun 12 op 14, firwat net op 16, 18, 20, 24 Wochen, wéi et an anere Länner de Fall ass, dat gesi mir als relativ arbiträr."
Eethesch Bedenke wéinst NIPT-Test
A grad vun engem eethesche Point de Vue aus géif eng Verlängerung vum Delai éischter weider Froen opwerfen, esou de Vizepresident. Weider erkläert hien, datt een tëschent der 12. a 14. Schwangerschaftswoch kann de sougenannten NIPT-Test maache, fir d'Geschlecht vum Fötus festzestellen.
"Wann een dat elo op 14 Wochen eropschrauft, da kéint et jo emol sinn, dass Leit wëllen hiert Kand ofdreiwen aus societalen, kulturellen oder reliéise Grënn."
D'Femmes Socialistes argumentéieren, bis d'Fra d'Resultat vum Test hätt a sech mam Dokter beroden hätt, wieren awer séier zwou Wochen ëm. Frae bräichte méi Bedenkzäit virun enger eventueller Ofdreiwung. Den Daniel Becker seet dozou:
"Mir hunn dat an eiser Kommissioun elo tel quel net beschwat, net duerchdiskutéiert an och net an eisem Avis geschriwwen, an dofir kann ech keng Positioun an deem Sënn fir d'Ethik-Kommissioun ausdrécken."
Ee Member vun der Ethikkommissioun
D'Ethikkommissioun huet zwar eng majoritär Positioun an hirem Avis, ee vun den 13 Membere vun der Kommissioun war awer am rezenten Avis anerer Meenung wéi déi aner.
Déi Persoun huet sech fir eng Verlängerung vum Delai op 14 Wochen ausgeschwat. Virun allem jonk a vulnerabel Frae bräichten déi néideg Bedenkzäit fir sech hir Decisioun gutt ze iwwerleeën.