Radioen

On air

Moiesstudio  |  De Parquet wëllt an Zukunft anescht kommunizéieren

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk wëll Gemengerotsmandat zu Schëffleng zeréckkréien

No Parteiaustrëtt vum Admir Civovic

Déi Lénk wëll Gemengerotsmandat zu Schëffleng zeréckkréien

“Enttäuscht an entrüst” weist de Spriecher vun Déi Lénk Gary Diderich sech nom Parteiaustrëtt vum lénke Gemengerotsmember zu Schëffleng Admir Civovic. Seng Partei wéilt intervenéiere fir d’Mandat zréck ze kréien, huet de Gary Diderich am 100,7-Interview erkläert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Tageblatt hat geschriwwen, datt de Politiker a véier weider Leit d’Sektioun vun Déi Lénk verlooss hunn, déi réischt am Mäerz gegrënnt gi war. De 36 Joer ale fréieren LSAP-Member Admir Civovic huet dem Radio 100,7 den Austrëtt aus Zitat “perséinlechen a politesche Grënn” confirméiert

Bei de Walen am Juni hat Déi Lénk ee Sëtz am Gemengerot zu Schëffleng kritt. Hie wéilt näischt Negatives iwwert Déi Lénk soen, esou de Gemengerotsmember Admir Civovic. An der Schëfflenger Sektioun géifen et awer zwee Gruppe ginn. Et wier ee bei de Gemengewalen ugetrueden, ouni sech richteg ze kennen, dat wier liicht onglécklech gewiescht.

Déi Lénk wëlle Mandat zréck kréien

De Spriecher vun Déi Lénk Gary Diderich bedauert deemno, de Parteiaustrëtt vum Gemengerotsmember.

“Den Admir Civovic huet eng Déclaration sur l’honneur ënnerschriwwen, datt  wann Differenze wären, an hie sech net weider mat Déi Lénk kéint identifizéieren, dass hien da säi Mandat ofgëtt an datt dann Nächst-Gewielter dru kommen.”

Dat géif awer elo net geschéie bedauert de Gary Diderich. Seng Partei wéilt intervenéiere fir d’Gemengerotsmandat zu Schëffleng zréck ze kréien.

Spekulatioun iwwer d’Ursaach

Den Admir Civovic war am Fréijoer vun der LSAP bei déi Lénk gewiesselt. Och säi Brudder Aldin, deen och nach bei de Chamberwale fir déi Lénk kandidéiert hat, ass elo bei Déi Lénk ausgetrueden. Zu de méigleche Grënn seet de Gary Diderich.

“Lo am Nachhinein muss ee sech déi Fro ganz seriö stellen, ob et do net aner Grënn gi sinn, wéi zum Beispill, datt d’LSAP si net mat op d’Lëscht fir d’Gemengewale wollt huelen a se een anere Wee wollte fanne fir do op eng gewësse Positioun ze kommen. Mee dat ass aus eiser Vue iergendwou och just Spekulatioun.”

Zu dëser Duerstellung wëllt den Admir Civovic sech net äusseren.

Onkloer ob den Admir Civovic zréck bei d’LSAP wiesselt

Hien huet eis awer gesot, datt hien an den nächsten Deeg wëllt decidéieren, ob hien zréck bei d’LSAP wiesselt, bei där hie scho vun 2017 bis Ufank vun dësem Joer Member war.

D’Majoritéitsparteien LSAP an CSV zu Schëffleng hunn de Moment zesummen 11 vun de 15 Sëtz am Gemengerot.

Déi Lénk hirersäits ass elo nëmmen nach a fënnef Gemengeréit am Land vertrueden, nom Parteiaustrëtt vum Schëfflenger Conseiller.

Lauschterenplay_arrow