Radioen

On air

Simon Says  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk fuerderen, datt de Claude Meisch sech aus der Ëffentlechkeet zréckzitt

Bis et Kloerheet gëtt

Déi Lénk fuerderen, datt de Claude Meisch sech aus der Ëffentlechkeet zréckzitt

"De Claude Meisch an d‘Privileegie vun der Muecht" ass e Communiqué vun Déi Lénk iwwerschriwwen, an deem si fuerderen, datt den Educatiouns- a Logementsminister sech misst aus der Ëffentlechkeet zréckzéien, bis et méi Kloerheet an der Affaire ronderëm de Sträit an engem Restaurant géif ginn.

auto_stories

1 min

Claude Meisch | © Nicolas Calmes
Claude Meisch (Foto: Nicolas Calmes)

Dat wier dat mannst, wat de Premier Luc Frieden vu sengem Minister misst verlaangen, sou Déi Lénk. Och wann de Claude Meisch déi Fra net geschloen hätt, huet hie jo awer an der Press zouginn, datt et e Sträit gouf an datt Emotiounen héichgekacht sinn an eng Taass gebrach ass.

Fir Déi Lénk ass dat ganz problematesch, wann e Minister sou eng emotionell Verbindung mat enger héijer Fonctionnairin huet, där hire Superieur hierarchique hien ass. Dat wier en Abus de pouvoir, sou Déi Lénk, an a sou enger Affaire, dat hätte feministesch Beweegungen a MeToo gewisen, géif ëmmer d‘Fra de Kierzeren zéien.