Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Lénk: Verantwortungslosegkeet vun der Regierung féiert zu Stëllstand

Bilan parlementaire

Déi Lénk: Verantwortungslosegkeet vun der Regierung féiert zu Stëllstand

Déi nei Regierung bedreift eng Politik vun der Verantwortungslosegkeet. Dee Bilan zéien Déi Lénk op hirem traditionelle Presseiessen um Enn vum Chamberjoer. Do gouf net u Kritik gespuert.

auto_stories

2 min

Lénks: David Wagner, riets: Marc Baum | © Sophie Schroeder
Lénks: David Wagner, riets: Marc Baum (Foto: Sophie Schroeder)

An de leschte Méint hätt d’CSV-DP-Regierung ëmmer rëm bewisen, haaptsächlech patronatfrëndlech ze handelen an eng autoritär Symbolpolitik ze féieren. Vill Konkretes hätt déi aktuell Regierung awer nach net opweise kënnen.

Ausserdeem hätte Politiker an de leschte Méint Skandaler provozéiert, ouni mat de Konsequenze liewen ze mussen.

De Marc Baum huet hei ënnert anerem d’Affär ronderëm d’Steierhannerzéiung vum Pim Knaff als Beispiller genannt.

Stëllstand an der Aarmutsbekämpfung a Klimapolitik

Dës Verantwortungslosegkeet vun der CSV-DP-Koalitioun géif awer och ee Stëllstand bei ville Sujeten bedeiten, sou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum. Fir d‘Aarmutsbekämpfung géif näischt um Dësch leien, obwuel et eng vun den Haaptprioritéite vun der Regierung wier. 

„No 11 Joer DP-gefouerte Familljeministère komme si elo mol op d’Iddi ee plan d’action z’entwécklen. Wéi awer och an der urgence climatique, wou net gehandelt gëtt, well Klimapolitik soll dem neie Luc no jo Loscht maachen, an dofir ass eng vun hiren éischte Mesuren, fir d’Subventioune fir Solaranlagen zum Beispill erofzesetzen.“

Marc Baum

Loscht géif dat awer net maachen, betount de Marc Baum, et géif éischter weisen, datt et engem méi oder manner egal ass. 

D’Partei wëll iwwerdeems an den nächste Méint nei Strategien an Zilsetzungen opstellen.