arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deforestatioun: EU-Memberlänner fir Verleeën vum Reglement

DIREKTIV GÉINT ENTWALDUNG

|
headphones

2 min

Deforestatioun: EU-Memberlänner fir Verleeën vum Reglement

Dat europäescht Reglement géint d’Deforestatioun soll ëm ee Joer verluecht ginn. Dofir huet sech um Mëttwoch eng Majoritéit vun den EU-Memberlänner ausgeschwat. Lëtzebuerg war dofir.

headphones

2 min

Deforestatioun | © picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild
Deforestatioun (Foto: picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild)

Nodeems Däitschland sech positionéiert huet, si sech déi 27 EU-Memberlänner um Mëttwoch Nomëtteg eens ginn, iwwert hir Positioun zum mëttlerweil ëmstriddenen europäeschen Entwaldungs-Gesetz.

D’Reglement soll dofir suergen, datt an der EU keng Produite verkaf ginn, fir déi huet misse Bësch ofgeholzt ginn. Et war eigentlech schonn decidéiert a sollt Enn des Joers a Kraaft trieden.

Reglement soll eréischt 2027 a Kraaft trieden

Zënter Méint awer hu verschidde Regierungen, dorënner déi Lëtzebuergesch, hir Onzefriddenheet mam neie Reglement zum Ausdrock bruecht a méi einfach Reegele gefrot.

D’Europäesch Kommissioun hat am Oktober Ännerunge proposéiert, déi ville Länner net wäit genuch goungen.

Haut huet sech eng Majoritéit vun de 27 EU-Länner dofir ausgeschwat, den Delai fir d’Akraafttriede vum Reglement ëm ee Joer ze verleeën an d’Reegelen ze vereinfachen. Si hunn dobäi deels d’Propose vun der Kommissioun iwwerholl, wëllen awer den Entreprisen däitlech méi Zäit ginn, fir d’Reegelen ëmzesetzen.  

Méi labber Reegele fir kléng Entreprisen

D’Reglement géing eréischt vun Ufank 2027 u gëllen, kléng Entreprise krite weider sechs Méint Zäit, also bis Juni 2027, fir déi nei Reegelen ze applizéieren. Si missten och just eemoleg eng Online-Deklaratioun ausfëllen. Doriwwer eraus missten an der Liwwerkette just déi, déi ee Produit fir d’éischt op de Maart bréngen, een Noweis iwwert hiren Devoir de Diligence bréngen.

Zu Lëtzebuerg hat sech virun allem d’Agrarministerin Martine Hansen widderhuelt fir méi labber Reegelen ausgeschwat. D’CSV-Ministesch hat d’Ännerungen, déi d’EU-Kommissioun am Oktober proposéiert hat, kritiséiert.  

Keng Ausnam fir "Null-Risiko"-Länner

D’Martine Hansen huet ënner anerem eng extra "Null-Risiko"-Kategorie fir Länner gefuerdert, an deenen et kee Risiko fir d’Ofholze vu Bësch gëtt. Dat gouf an der gemeinsamer Positioun vun de Memberlänner net esou net festgehalen. Lëtzebuerg huet d’Decisioun vun haut awer matgedroen.

Déi nächst Woch stëmmt d’Europaparlament iwwert seng Positioun of. Dono mussen sech béid Institutiounen dann nach ënnereneen eens ginn.