Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kann d'Politik géint Obesitéit handelen?

Chambergesondheetskommissioun

Wéi kann d'Politik géint Obesitéit handelen?

Fettleibegkeet an Iwwergewiicht treffen ëmmer méi Kanner an Erwuessener. An der Chamber gouf gëschter doriwwer debattéiert, wéi een dogéint handele kann. Manktem u Sport, d‘Ernärung oder de soziale Milieu wieren nëmmen een Deel vum Problem.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / stockasso

Et geet drëm fréi ze handelen, an dat scho vun der Gebuert un. Schlecht Iesse wärend der Schwangerschaft oder Zocker an de fäerdege Moolzechte fir Puppelcher kënnen een Afloss hunn op déi spéider Tendenz iwwergewiichteg ze ginn.

Zéng Haaptursaachen

D’Weltgesondheetsorganisatioun gëtt zéng Haaptursaachen u fir d’Iwwergewiicht. Net genuch Beweegung, Schlecht Iessen a virun allem veraarbecht Moolzechten, wou den Zocker present ass. Mee och Daarmflora, de Manktem u Schlof, de Stress an d’Genetik kënnen eng Roll spille beim Iwwergewiicht. Grad wéi d’Nuetsaarbecht.

D'Problemer vun Ëmweltaflëss

An der Chamber huet den CSV-Deputéierte Jeff Boonen op d’Problematik vun den Ëmweltaflëss higewisen:

"Alles ass nach net gewosst an deem Beräich, mee d'Presenz vu Weichmacher, Hormoner an och Residue vu Planzeschutzmëttelen an eisem Waasser, respektiv eiser Ëmwelt, beaflossen d'Fettlagerung a sinn eng Ursaach fir d’Verschäerfung vum Problem."

Och hormonell Krankheeten, déi zum Beispill d‘Schilddrüs betreffen an d‘Anhuele vu Medikamenter kéinten zu Iwwergewiicht féieren.

Besteierung vu fäerdege Molzechten?

A ville fäerdege Molzechte sinn Zocker, Fetter a Salz dran, déi een net ëmmer identifizéiert kritt. Verschidde Länner hunn eng speziell Tax ageféiert, an dat huet d’LSAP och envisagéiert. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana:

"Et ass mengen ech eng Iwwerleeung wäert, ob ee soll déi Diskussioun féieren an d'Opportunitéit préiwen, ob generell eng Besteierung vun ongesonde Produkter Sënn mécht. Wéi gesot fir Produiten, déi vill Zocker, Salz a Fetter beinhalten. Dat misst natierlech och mam Finanzminister gepréift ginn."

Eng deementspriechend Motioun gouf awer verworf.

Sport erëm méi fërderen

Zum Sport notéiert d’Santésministerin Martine Deprez, datt 40 Prozent vun den Erwuessene kee bedreiwen. Et misst flächendeckend Sportméiglechkeete ginn, déi fir jiddwereen zougänglech wieren.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup bedauert, datt et manner Fussballveräiner gëtt, an do reagéiert den DP-Fraktiounschef Gilles Baum esou drop:

"Datt d'Zuel vun de Kanner an d'Zuel vun de Lizenzen awer massiv eropgaangen ass, och wann d'Zuel vun de Veräiner erofgaangen ass. Jo dat ass richteg. Et sinn haut an deene Veräiner méi Ekippen, an da ginn et och méi Lizenze pro Veräin. Dat ass allerdéngs richteg. Trotzdeem ass et eppes, wat verluer geet.“

D’Gesondheetsministerin gesäit och keng Fatalitéit. Vun den zéng Haaptursaache ginn et der néng, wou een Afloss kann drop hunn. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet