Radioen

On air

9 bis 1  |  Kae Tempest - More Pressure Feat. Kevin Abstract

play_arrow Live
search

/ De Streik bei Ampacet geet weider - OGBL mat Opruff fir Spenden

D'Direktioun blockéiert

De Streik bei Ampacet geet weider - OGBL mat Opruff fir Spenden

Zanter e Méindeg de Moie streiken déi ronn 70 Mataarbechter vun der amerikanescher Firma. Dat nodeems de Kollektivvertrag gekënnegt gi war an d’Verhandlungen op der Conciliatioun ouni Accord op en Enn gaange sinn.

auto_stories

1 min

Den OGBL huet och en Opruff fir Spende gemaach. Bannent zwee Deeg si scho ronn 6.000 Euro gesammelt ginn. De Streik soll sou laang daueren, bis een e Resultat huet, sou den OGBL. D’Salariéë fuerderen eng Erhéijung vun de Paien ëm 2,5 Prozent an dräi Deeg méi Congé. D’Direktioun géif dat blockéieren, trotz engem Benefice vun 3,7 Milliounen Euro d’lescht Joer.