Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De President vum Staatsrot appeléiert fir d'Rechtsnormen ze respektéieren

Neijoerschpatt vum Staatsrot

De President vum Staatsrot appeléiert fir d'Rechtsnormen ze respektéieren

De President vum Staatsrot Christophe Schiltz huet um Neijoschpatt vu senger Institutioun de Mëttwoch fir de Respekt vun de Rechtsnorme plädéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Nëmmen esou wier d’Sécherheet vun deene Schwächsten an eiser Gesellschaft garantéiert, esou de Christophe Schiltz. Den LSAP-Member huet net präziséiert, ob hien domat och déi aktuell Debatt iwwert den Heescheverbuet an der Stad gemengt huet.

Christophe Schiltz: Rechtsnorme mussen agehale ginn

De President vum Staatsrot sot de Mëttwoch den Owend, wat de Staatsrot a sengen Avisen iwwer Gesetzestexter géif schreiwen, géif net an engem „loftleere Raum“ passéieren. D’Rechtsnorme géifen op der Verfassung baséieren a vun de Geriichter interpretéiert ginn, an déi missten och agehale ginn, esou de Christophe Schiltz. Dat wier wichteg fir d’Sécherheet vu jidderengem an der Gesellschaft, notamment vun deene Schwächsten.

„Et ass nëmmen esou, andeems mir eis Valeuren an eis Rechtsprinzippien héich halen, wéi mer den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft kënne garantéieren. Et ass nëmmen duerch de géigesäitege Respekt vun Institutiounen an de gemeinsame Respekt vun den och oft berechtegte Stëmmen aus der Zivilgesellschaft, datt mer eis Demokratie an domat ons Gesellschaft stäerken.“

Ëmmer méi Aarbecht fir de Staatsrot

A Presenz vum Premier Luc Frieden ass de Christophe Schiltz och op déi lescht Legislaturperiod agaangen. 2023 wier keen einfacht Joer gewiescht, mee et hätt ee souguer e Rekord opgestallt, mat 749 oppositions formelles, esou de President vum Staatsrot um Neijoerschpatt. Dat géif ënnert anerem doru leien, datt méi Dossieren eragereecht gi wieren.

„Mee et hänkt och an eisen An un der Qualitéit vun den Texter. Deelweis un der Onprezisioun vun de Formulatiounen oder u Manktem vu Preparatioun vun den Dossieren. Dat féiert dozou, datt d’Dauer fir d’Analys vun Dossier selbstverständlech och méi laang gëtt.“

D’Chamber dierf mëttlerweil och generell juristesch Froen un de Staatsrot stellen. De Christophe Schiltz sot nach, wann dat Instrument da géif genotzt ginn, da géif dat och fir méi Aarbecht am Staatsrot suergen.

Lauschterenplay_arrow