arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Premierminister gëtt éischt Detailer zur Pensiounsreform

Geplangten Ännerungen

|
reading time

1 min

De Premierminister gëtt éischt Detailer zur Pensiounsreform

Déi geplangte Pensiounsreform wäert och fir den ëffentleche Secteur gëllen. Dat huet de Luc Frieden op eng Fro vum Deputéierte vun déi Lénk dem Marc Baum de Mëttwoch an der Chamber geäntwert. Béid Pensiounsregimer (privat an ëffentlech) wieren nämlech 1999 mat enger laanger Iwwergangsperiod uneneen ugepasst ginn.

reading time

1 min

© Chamber
(Foto: Chamber)

Persounen déi haut oder deemnächst an der Pensioun sinn, wäerten net vun der geplangter Reform concernéiert sinn, sou de Premier de Mëttwochzum Schluss vun de Chamberdebatten. De Luc Frieden huet unhand vun engem Beispill erkläert, wéi de Pensiounsantrëttsalter soll an d’Luucht goen.

play_arrow De Luc Frieden

"Loosse mer emol soen, dësen neien Dispositif, wann d'Gesetz da bis gestëmmt ass, géif 2030 ulafen. Da kann een 2030 mat 57 Joer, a Pensioun goen, wann ee 40 Joer plus dräi Méint kotiséiert huet. Oder mat 60 Joer, wann ee 40 Joer plus dräi Méint kotiséiert huet. Natierlech am Respekt voll a ganz vun de Babi- an de Studiëjoren."

Deen Dispositif géif vun 2030 bis 2040 lafen, also 11 Joer mol 3 Méint, esou de Luc Frieden.

"Dat géif heeschen, datt een do 2,5 bis 3 Joer méi laang géif schaffen, fir déi, déi lo ronn 45 Joer hunn, déi awer erëm eng Kéier mat der Liewenserwaardung vill méi al ginn."

De Premier Luc Frieden huet iwwerdeems confirméiert, datt d’Regieurng un enger progressiver Retraite schafft, wou een also nach weider schaffe geet an zum Deel scho pensionéiert ass.