Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pim Knaff trëtt net zeréck, d'Oppositioun huet de Sall verlooss

Escher Gemengerot

De Pim Knaff trëtt net zeréck, d'Oppositioun huet de Sall verlooss

D’Affär Pim Knaff huet haut nach emol eng Sëtzung vum Escher Gemengerot dominéiert. Déi Lénk haten e Punkt dozou op den Ordre du jour setze gelooss. Rieds goung iwwert d’Deontologiesreegelen, déi de Schäfferot regéieren. Vun engem Récktrëtt wollt de Pim Knaff och haut näischt wëssen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Zu Esch gëtt driwwer gestridden, ob den DP-Schäffen zerécktriede soll oder net. Dat nodeems bekannt gouf, datt hien am Abrëll wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof vun 9.500 Euro verurteelt gouf. 

Hien hätt am Kader vun der Kontabilitéit vu senger Etüd e Feeler gemaach an dee riicht gebéit, huet den 1. Escher Schäffe widderholl. Wat eventuell Konsequenzen ugeet, wier hien net der Meenung, datt dee Fait vun engem Feeler am Beruff, hie géif diskreditéiere säi Mandat weiderzeféieren.

Pim Knaff decidéiert keng Konsequenzen ze zéien 

Et hätten och, sou de Pim Knaff, vill Leit hien ugehalen, fir net zréckzetrieden. Och dofir hätt hien decidéiert keng politesch Konsequenzen ze zéien.

Um Ufank vun där Diskussioun sot de Marc Baum, hien hätt näischt géint de Pim Knaff. Well dat, wat bis elo geschitt ass, awer en enorme Schued fir Esch duerstelle géif, hätt hie sech politesch Konsequenzen aus där Affär erwaart.

"Dëst ka fir mech just zu enger Conclusioun féieren, nämlech datt de betraffene Schäffen aus eegene Stécker demissionéiere sollt.”

Steve Faltz: Politik lieft vu Vertrauen

De Vertrieder vun déi Lénk huet dann och eng Motioun deposéiert, déi de Schäffen dozou invitéiert, fir zréckzetrieden. Fir d’LSAP huet de Steve Faltz vun engem Vertrauensverloscht an d’Politik geschwat. Dobäi géif déi vu Vertraue liewen.

"Mee si stierft, wann d’Leit der Meenung sinn, datt d’Politiker, virun allem vun deene klassesche Parteien, sech alles erlabe kënnen.”

Déi Lénk: Motioun ass kee Mësstrauensvott

Och de Buergermeeschter Christian Weis goung op d’Fro vun engem Récktrëtt an. Fir hie wier eng Demissioun awer ee perséinleche Choix.

Den CSV-Politiker huet dunn, wat d’Motioun betrëfft, erkläert, datt eng “Vertrauensfro” net am Gemengegesetz virgesi wier, sou datt d’Recevabilitéit dovun a Fro ze stelle wier. Fir de Marc Baum wier eng Motioun awer kee Mësstrauensvott. Trotzdeem, huet de Buergermeeschter d'Motioun net zum Vott gestallt.

Dat hat zur Folleg, datt d’Oppositioun de Sall verlooss huet. A well doduerch net méi genuch Gemengerotsmemberen do waren, huet de Christian Weis festhale missen, dass d’Sëtzung um Enn wier.

Videoiwwerwaaachung soll ausgebaut ginn

Een anere Punkt, deen diskutéiert ginn ass, war déi geplangte Videoiwwerwaachung ronderëm d’Gare. Bal 10.000 Metercarré sollen dorënner falen, vun der Busgare iwwert d’Passerelle fir op de Gaalgebierg bis op de Boulevard Kennedy. Am Ganze sollen an deem Beräich 27 Kameraen installéiert ginn. Zejoert koum et an där Géigend zu 299 Fäll vu Gewalt géintiwwer Persounen. Den entspriechenden Avis gouf mat just der Géigestëmm vum Marc Baum vun déi Lénk ugeholl.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit