Déi dräi sollen iwwerdeems net am ëffentlechen Déngscht bleiwen, esou d'Fuerderung.
Fir de véierten Ugekloten, de Rick S., fuerdert de Parquet eng Prisongsstrof vun dräi Joer. Dem Rick S. seng Prisongsstrof sollt zum groussen Deel fest sinn.
Den Haaptugekloten Tom D. soll am Mee 2023 ee Mann e puermol an der Arrestzell geschloen hunn. De Joé K. an de Rick S. wieren dobäi gewiescht. Den André A. soll no der Dot probéiert hunn, d'Dot ze vertuschen.
Déi Véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. An der Suite dovu goufe si suspendéiert.
"Tortur, Justizbehënnerung a Fälschung"
Géint déi 4 suspendéiert Poliziste vum Ex-Kommissariat Stater Gare wieren d’Uklopunkten Tortur, Justizbehënnerung a Fälschung zeréckzebehale ginn: Dat huet d’Vertriederin vum Parquet gëschter um Stater Geriicht am Prozess ëm Policegewalt op deem Kommissariat gefuerdert.
No Menacë géintiwwer ënner anerem dem Tom D. hätt deen zwee Méint virun der Dot dem spéideren Affer intern de Krich erkläert.
Dee jonke Polizist, deen de Fall gemellt an d’Affer op deem fatalen Owend mat op de Büro bruecht hat, hätt net gewosst, datt dat am Viséier vu Kolleege vun him war. De Joé K. hätt de Mann erëmerkannt, e mam Fouss an de Réck gerannt an dunn den Tom D. kontaktéiert, esou d’Vertriederin vum Parquet. Den Tom D., de Joé K. an de Rick S. wieren dunn an d’Zell vum Affer gaangen an hätten de jonke Polizist erausgeschéckt. Deen hätt Fäischt fléien héieren an duerno mat engem Kolleeg, Zitat, “d’Sauerei kënnen ewechmaachen”.
D’Chancen, datt de Polizisten eppes geschéie géif, wiere relativ minim gewiescht, wann de jonke Polizist matgespillt hätt. Fir d’Vertriederin vum Parquet hätt deen dat eenzegt Richtegt gemaach, géif awer intern beleidegt ginn. E ganze Koup Leit géifen den Ugekloten och de Réck stäipen, well déi an hiren Aen dat Richtegt gemaach hätten.
Géint den Haaptugekloten Tom D. an de Matbeschëllegte Joé K. wier Tortur zeréckzebehalen. Dowéinst sollte si zu sechs, respektiv fënnef Joer Prisong verurteelt ginn, an net am ëffentlechen Déngscht bleiwen dierfen.
Och Geldstrofe gefrot
De Matugeklote Rick S., géint dee Justizbehënnerung sollt zeréckbehale ginn, soll dräi Joer an de Prisong, e groussen Deel dovu fest, an de Matbeschëllegten André A. wéinst Fälschung a Justizbehënnerung 5 Joer. Och hie soll net am ëffentlechen Déngscht bleiwen dierfen an dozou nach eng ugemoosse Geldstrof kréien. Do virdrun hat d’Me Libar, Affekotin vun de Partie-civillen, am Ganze ronn 75.000 Euro Schuedenersatz fir d’Affer an deem seng Duechter gefrot.
Dëse Prozess geet haut, Mëttwochmëtteg, virun.