search

/ De Marc Wagener verléisst d'UEL a geet bei d’Croix Rouge

Wiessel un der Spëtzt

|
headphones

1 min

De Marc Wagener verléisst d'UEL a geet bei d’Croix Rouge

De Marc Wagener hält als Direkter vun der UEL op a geet bei d‘Croix Rouge. Wéi d‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprise matdeelt, verléisst de Marc Wagener d‘UEL Mëtt Mee. De Marc Wagener war zënter Juni 2024 Direkter bei der UEL.

headphones

1 min

Marc Wagener | © Archivfoto
Marc Wagener (Foto: Archivfoto)

Wie seng Nofolleg do iwwerhëlt, géif an den nächste Wochen decidéiert ginn, esou heescht et am Schreiwes.

Beim Roude Kräiz gëtt de 47 Joer ale Marc Wagener neie Generaldirekter an ersetzt domat de Michel Simonis, deen d‘Croix Rouge zënter 2013 geleet huet.