arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "De Mäerterter Hafen huet Capacitéit fir méi Schëffer, gëtt awer net méi grouss"

Société du Port de Mertert

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

"De Mäerterter Hafen huet Capacitéit fir méi Schëffer, gëtt awer net méi grouss"

Ronn 600 Schëffer goufen 2025 am Hafen zu Mäertert belueden an entlueden. Den Total un Tonnen ass d'lescht Joer zeréckgaangen. Wéi eng Roll spillt d'Banneschëfffaart an dësen Zäiten? A wéi een Impakt huet de Krich am Iran? 

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

Op den Hafen zu Mäertert huet de Krich am Iran mat senge Konsequenzen éischter e positiven Impakt, esou de President vun der Société du Port de Mertert. Bei de Frachtschëffer hätt et zënter dem Ufank vun der Kris méi eng grouss Demande ginn, well wéinst deem méi héijen Dieselpräis d’Transporter mam Camion pro Tonn méi deier gi waren, esou de Raphaël Zumsteeg: Ee Virdeel fir d’Banneschëffer. Donieft gëllt de Wuerentransport iwwer d’Waasser als méi klimafrëndlech. 

Liichte Réckgang vu Passagen

Iwwer den Hafen zu Mäertert ginn ënner anerem Containeren, Stol- a Pëtrolsproduiten, grad wéi Baumaterial a landwirtschaftlech Produkter importéiert an exportéiert.

Den Total un Tonnen, déi am Hafe passéiert sinn, war d’lescht Joer zeréckgaangen, vu ronn 1,2 Milliounen Tonnen 2024 op knapp 1,1 Milliounen Tonnen 2025. D’Logistik wier e Bild vun der nationaler Ekonomie, déi awer nach ëmmer resilient wier, seet dozou de President vun der Hafegesellschaft Raphaël Zumsteeg.

"An awer déi Fluxe si stabil. Well mir mierken awer, datt mir ëmmer nach iwwer eng Millioun Tonnen ëmgeschloen hunn. An dat weist awer déi Robustesse."

D’Banneschëfffaart, grad wéi och d’Eisebunn, gëllen als méi ëmweltfrëndlech Transportméiglechkeeten. D’Frachtschëffer wiere beispillsweis interessant fir de Massentransport.

"Fir Transport exceptionelle vu Produkter, déi am Fong guer net op d’Strooss einfach esou passen. Et ass interessant fir Produkter wou dir am Fong kee Stress hutt, datt déi mussen innerhalb vun 48 Stonnen iergendwou sinn. Eng Barge ass e sécheren a ekologeschen Transportsystem, deen awer méi Zäit brauch."

Krich am Noen Osten hat positiv Auswierkungen op de Mäerterter Hafen

Wéinst dem Krich am Iran wier d’Banneschëfffaart awer och méi interessant wéi de Wuerentransport iwwer d’Strooss, esou de Raphaël Zumsteeg d’lescht Woch e Mëttwoch.

"De Fluvial ass méi interessant elo, a gëtt vläicht och nach méi interessant, ofhängeg dovu wéi laang et dauert. An natierlech ofhängeg dovu wéi et duerno virugeet, wann déi Kris eriwwer ass – a mir hoffe jo esou séier wéi et geet - ass nach d’Fro, wou bleift den Dieselpräis stoen? Well ganz integral erof, do si jo scho vill Experten, déi mengen, dat wäert net méi de Fall sinn."

Hafe kéint "méi"

Am Hafen zu Mäertert goufen an de leschte Joren all Kéier kuerz iwwer 600 Frachtschëffer pro Joer be- an entlueden. Och dat géif eng gewësse Stabilitéit vum Hafe weisen, esou de Raphaël Zumsteeg. Den Hafen hätt awer d’Capacitéit fir méi Schëffer, esou de President, ouni awer kënnen eng Zuel ze nennen.

"Wat den Hafe kann? E ka méi. Dat soen ech mol einfach esou brutal. Wann ech am Hafe sëtzen, heiansdo, a mengem Büro, ech muss nëmmen erauskucken a feststellen, datt mir eng super Infrastruktur hunn, déi nach Potential huet.

Wéinst senger Lag kann den Hafen zu Mäertert net méi grouss ginn, erkläert de Raphaël Zumsteeg. Mee et kéint een nach optimiséieren.

© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

D’Infrastrukturen am multimodalen Hafen – deem eenzegen Hafen hei am Land – goufen a ginn deemno permanent virun erneiert a moderniséiert. Strategesch wier den Hafe wichteg fir d’Land, esou de Raphaël Zumsteeg.

D’Société du Port de Mertert selwer wier do fir d’Verbindung tëschent deene verschiddene Partner am Hafen ze maachen, esou hire President.

"Natierlech hu mir dann de Lien mat der CFL, mat de Ponts & Chaussées an de Concessionairen (Luxport S.A. an Tanklux S.A.), fir ze kucken, (...) datt kee Sträit ass. Mir kucken harmonesch zesummenzeschaffen. An ech muss soen, (...) et leeft gutt."

De Raphaël Zumsteeg ass zënter 2022 President vun der Hafegesellschaft. D’Aktionäre vun dëser Gesellschaft sinn de Lëtzebuerger Staat, ArcelorMittal an déi béid Banke BIL a BGL BNP PARIBAS.

play_arrow Lauschteren