search

/ De Georges Engel wëllt LSAP-Parteipresident ginn a schléisst Spëtzekandidatur 2028 net aus

Politik

|
headphones

4 min

headphones

14 min

play_arrow

De Georges Engel wëllt LSAP-Parteipresident ginn a schléisst Spëtzekandidatur 2028 net aus

De fréiere Minister an LSAP-Deputéierte Georges Engel wäert fir d'Parteipresidence vun der LSAP kandidéieren. Dat huet hien am 100,7-Interview confirméiert.

headphones

4 min

headphones

14 min

play_arrow
De Georges Engel vun der LSAP | © Jo Diseviscourt
De Georges Engel vun der LSAP (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter e puer Wochen ass d’Rumeur zirkuléiert, datt den LSAP-Deputéierten a fréiere Minister Georges Engel Interessi um Presidenteposte vun senger Partei hätt. Am 100,7-Interview huet hie confirméiert, datt hie seng Kandidatur effektiv stelle wäert.

“Dëse Weekend ginn d’Bréiwer raus wou d’Leit sech melle kënne fir hir Kandidatur fir de Presidenteposten an aner Posten ze stellen. Ech wäert kandidéiere fir de männleche Part vun der Presidence ze iwwerhuelen.”

Déi aktuell Co-Presidence, zesummegesat vum Francine Closener an dem Dan Biancalana, huet scho virun engem Joer annoncéiert, net méi wëlle virun ze maachen. De Georges Engel hätt sech vun deem Moment u Gedanke gemaach, déi him “am Kapp bliwwen” sinn.

Wuel keng männlech Géigekandidatur

No enger Rei Iwwerleeungen a Gespréicher mat Leit, déi him no stinn, hätt hien d’Decisioun geholl, ze kandidéieren.

Vun enger Géigekandidatur fir de männleche Co-Presidenteposte wéisst hien näischt, seet de Georges Engel, “mee et weess een ni”.

Wien awer soll de weiblechen Deel vun der Presidence iwwerhuelen? Zwee Nimm tauchen do ëmmer nees op: D’Maxime Miltgen, Presidentin vu Femmes socialistes, an d’Flore Schank, Drëttgewielt am Bezierk Norde bei de leschte Chamberwalen.

De Georges Engel betount, datt hie keng Preferenz hätt, wie vu béiden de Posten iwwerhuele sollt. “Déi zwee si ganz gutt”, betount de fréiere Minister.

"Mir wäerten e grousst Team ginn"

Datt d’Maxime Miltgen schonn zu Regierungszäite mat der aktueller Fraktiounspresidentin Taina Bofferding zesummegeschafft huet, an och duerno an der Fraktioun, gesäit de Georges Engel net als strategeschen Nodeel. Eng Ekipp misst funktionéieren, dat wier d’Haaptsaach.

“Do kann een net ufänken dès le début mat Spillercher a Kalkulatiounen. Zesumme mat der Fraktiounspresidentin wäerte mir e grousst Team ginn an dat wäert ganz gutt klappen, kann ech Iech soen.”

Ob d’Paulette Lenert, Ex-Gesondheetsministesch an aktuell beléiftste Politikerin am Land, och an iergendenger Form Deel vun deem Team ass, léisst de Georges Engel oppen. Rezent huet si sech am 100,-Interview jo éischter bedeckt gehalen, wat hir politesch Zukunft ugeet. Mee als Partei géing een der Paulette Lenert “keng Steng an de Wee leeën”, falls si eng méi grouss Roll an der Partei spille wéilt, mengt de Georges Engel.

De 14. Mäerz wäert d’Partei hir nei Presidence wielen.

Spëtzekandidatur fir 2028?

De Poste vum Parteipresident gëtt engem natierlech méi Visibilitéit wéi dee vum “einfachen” Deputéierten. Ginn et als eventuell Ambitiounen, 2028 als LSAP-Spëtzekandidat bei de Chamberwalen unzetrieden?

De Georges Engel schléisst dat am 100,7-Interview net kategoresch aus. Et wier zwar net dat “primäert Zil” als Parteipresident un d’Spëtzekandidatur ze denken, mee “dat engt schléisst dat anert net aus”, mengt den LSAP-Deputéierten.

“Ech kréien zwar méi Visibilitéit, mee och méi Aarbecht an ech muss méi Engagement weisen.”

Et gëllt awer scho virun de Wale vill Viraarbecht ze leeschten. Als iwwerzeegte Sozialdemokrat, wéi de Georges Engel sech beschreift, gesäit hien et als seng Aufgab, d’Gesellschaft nees vun der Sozialdemokratie ze iwwerzeegen.

“Et ass extrem wichteg fir d’Gesellschaft, datt mir de “mir” virun den “ech” stellen.”

Dofir wiere fir hien och d’Diskussiounen ëm d’Spëtzekandidatur bei de Walen net esou wichteg, erkläert de Georges Engel.

Einfach Léisungen net ëmmer méiglech

Ëmmer méi Statistike weisen awer, datt déi klassesch sozialistesch Walclientèle ëmmer méi dacks bei déi rietspopulistesch Partie wanderen. Dofir wier et wichteg, mengt de Georges Engel, als Partei ze erklären, wou een hi wëllt, a wat ee wëlles huet.

“Fir schwiereg Problemer ginn et numol net ganz dacks einfach Léisungen.”

Ee Beispill dofir ass de Wunnengsproblem. De Georges Engel plädéiert fir eng Wunnengsbau-Offensiv.

“Mir musse keng 150 nei Wunnengen d’Joer bauen, mee 1.000.”

Kompromësser agoen

Verschidde Saachen, fir déi d’LSAP steet, wäerten awer schwéier ëmzesetze sinn mat engem CSV oder DP als Koalitiounspartner, op déi ee wuel ugewisen ass. Beispill Ierfschaftssteier.

Politik wier et, Kompromësser anzegoen, betount de Georges Engel. Hie schwätzt awer net gäre vu roude Linnen, well deen Ausdrock ze “streng an definitiv” kléngt.

“Linne kënnen och eng komesch Form hunn, mee se mussen an déi richteg Richtung goen. Aner Parteie mussen da vläit mat evoluéieren.”

Vu Mäerz 2010 bis Januar 2019 war de Georges Engel Vizepresident vun der LSAP. Am Januar 2022 huet hien dem Dan Kersch seng Minister-Ressorte Sport, Aarbecht, Emploi a Sozial- a solidaresch Ekonomie iwwerholl.

 

play_arrow Lauschteren