Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Chômagetaux klëmmt weider

Virun allem bei Leit mat Unisdiplom

De Chômagetaux klëmmt weider

De Chômage klëmmt weider: Iwwer 18.000 Mënschen - 18.198 fir genee ze sinn - waren am Dezember op der Sich no enger Aarbecht. Dat sinn der bal 2.450 méi, wéi am Dezember dat Joer virdrun, wat eng Hausse vu 15,5 Prozent ausmécht.

auto_stories

1 min

Dat deelen de Statec an d‘ADEM mat. De Chômage géif souwuel bei de Kuerzzäit-, wéi bei de Laangzäitchômeuren an d‘Luucht goen, am gréissten ass d‘Hausse awer bei deene Leit, déi een Unisdiplom hunn, an déi ënner 30 Joer hunn.

De Chômagetaux läit domat am Dezember bei 5,5 Prozent.