search

/ De Bausecteur schrumpft: "Een, dee fort ass, kënnt net méi erëm"

Handwierk zu Lëtzebuerg

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

De Bausecteur schrumpft: "Een, dee fort ass, kënnt net méi erëm"

2026 wäert eng "Année charnière" ginn, seet de President vun der Chambre des Métiers, den Tom Oberweis. Seng Angscht: Wann d'Politik elo net eng Schëpp dropleet fir d'Problemer unzegoen, kéint et an e puer Joer ze spéit sinn. Fir Hoffnung suergt awer den neien Aarbechtsminister.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow
Den Tom Oberweis ass President vun der Chambre des Métiers. | © Jo Diseviscourt
Den Tom Oberweis ass President vun der Chambre des Métiers. (Foto: Jo Diseviscourt)

Haut um Donneschdegowend ass d’Neijoerschreceptioun vum Lëtzebuerger Handwierk. En Event, dat d’Chambre des Métiers zesumme mat der Fédération des Artisans organiséiert.

Logementskris an e Rateschwanz u Problemer

Bei senger Ried wäert den Tom Oberweis d’Wichtegkeet vun dësem Joer ervirhiewen. Dat viru ville Ministeren, déi schonn ëmmer un dëser Receptioun deelgeholl hunn. Ministeren, déi de Stellewäert vum Handwierk ze schätze wéissten, mee och den Eescht vun der Situatioun erkannt hätten, esou de President vun der Chambre des Métiers.

Ongeféier an der Hallschent vun der Legislaturperiod ukomm wieren e puer Saache schonn ëmgesat ginn, villes awer nach net. Eng grouss Suerg fir d’Handwierk ass ënner anerem de Logement. Do misst méi vun der Politik kommen, esou den Tom Oberweis.

“Dat, wat bis elo komm ass, geet net duer. Mir bauen net genuch, mir kréien net genuch Talenter op Lëtzebuerg gezunn.”

E ganze Rateschwanz u Problemer géing um Logement hänken. Dorënner leiden deet och d’Wirtschaft.

Brauch et ee "Logement dédié au salariat"?

De Logement betrëfft déi vill Betriber awer och nach op eng aner Aart a Weis: Déi vill Mataarbechter:inne mussen och e bezuelbaart Doheem hunn. Dat géing aktuell e grousse Problem duerstellen, seet den Tom Oberweis.

Zënter dem Erfaasse vun den Zuelen am Bausecteur wiere - par rapport zum Héchststand - 8 Prozent manner Leit am Emploi. "Dat ass dramatesch, dat ass gewalteg", esou den Tom Oberweis.

De Bausecteur wier amgaange mat schrumpfen. Wäertvoll Capacitéiten an Knowhow géinge verluer goen, warnt den Tom Oberweis. E "Logement dédié au salariat" wier eng eventuell Léisung.

Déi grouss Baubetriber géingen och alles maache fir hir Leit ze halen. Patronen hätten him scho gesot, datt Handwierker, déi bis eemol d’Land verlooss hunn, net méi zeréckkéimen. Dat trëfft virun allem op d’Portugisen zou. An dee Risiko besteet natierlech virun allem am Fall vun enger Faillitte.

"Et feelt u Vertrauen"

Wat feelt, wier Vertrauen, betount de Patron vum Familljebetrib Oberweis. D’Regierung misst de Leit méi Vertraue ginn. Eventuell kéint d’Steierreform do hëllefen, mengt den Tom Oberweis, och wann déi eréischt fir 2028 geplangt ass.

An deem Kontext hofft den Tom Oberweis, datt d’Leit déi Suen, déi si méi am Portmonnie wäerten hunn, zu Lëtzebuerg investéieren an net an d’Ausland domadder ginn.

Mee och innerhalb vun de Betriber feelt et u Vertrauen. Vill Patrone géinge sech onsécher fillen. Ee Grond sinn déi vill administrativ Hürden.

“Am Allgemenge leiden déi meescht Betriber, well se onsécher sinn. Zwar hu si vill Ënnerstëtzung vum Staat, mee et gi bill Barriären, Kontrollen, administrativ Chargen. Dat ass jo alles normal, mee et kéint vereinfacht ginn.”

Hoffen op den neie Minister Spautz

Virun allem de Bausecteur stécht déif an der Kris. Kaum ze gleewen, wann ee weess, datt jo eigentlech vill nei Wunnengen um Lëtzebuerger Marché gebraucht ginn. De Marché géing eeben net ëmmer alles reegelen, esou de President vun der CDM.

Grad d’Bauhandwierk géing mierken: "Am Neibau geschitt näischt."

Och wann d’Situatioun an aneren Handwierksberäicher och ugespaant wier - beispillsweis an der Autosbranche - esou wier et awer de Bausecteur, deen am meeschte struewele géing.

Grouss Hoffnunge leet d’Chambre des Métiers och an den neien Aarbechtsminister Marc Spautz, deen e grousst a gutt Gespier fir de ganze Secteur hätt, betount nach den Tom Oberweis.

play_arrow Lauschteren