Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Ampel-Koalition eenegt sech op ee Budget

Däitschland

Däitsch Ampel-Koalition eenegt sech op ee Budget

Bis an de fréie Moien era souzen SPD, déi Gréng an FDP zesummen. Elo steet ass de Budget. D‘nächst Joer soll d‘Scholdebrems deemno respektéiert ginn. De Finanzplang geet bis d‘Joer 2028.

auto_stories

1 min

Fir Elteren ass virgesinn, datt d‘Kannergeld ëm 5 Euro gehéicht gëtt. De Verdeedegungsbudget vun elo 52 Milliarde soll ëm 1,2 Milliarde klammen – däitlech manner, wéi den SP-Verdeedegungsminister Boris Pistorius gefuerdert hat. D'Nato Zil, dat d‘Défense 2% vum PIB soll ausmaachen, sollen awer agehal ginn. Bei der Scholdebrems huet d‘FDP sech duerchgesat: Den Accord fir de Budget d‘nächst Joer an de Finanzplang bis 2028 gesäit vir, datt d‘Scholdebrems bäi behale gëtt. Fir eng Noutsituatioun sollen dann awer kënne Ausname gemaach a méi Scholden opgeholl ginn.

Investitiounen a Klimaneutralitéit an Naturschutz solle wéi virgesi bäibehale ginn.

D'Fraktioune mussen elo nach gréng Luucht ginn, a Bundestag gi sech schwiereg Verhandlungen erwaart.