Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Venus As A Boy

play_arrow Live
search

/ Däitschland: CO2-Ausstouss op niddregstem Wäert zanter 1950

Klima an Ëmwelt

Däitschland: CO2-Ausstouss op niddregstem Wäert zanter 1950

An Däitschland fält den CO2-Ausstouss op den niddregste Wäert zanter 1950. Dat weisen déi neiste Berechnunge vun der Organisatioun „Agora Energiewende“. Deemno sinn d‘Zäregaassemissioune par Rapport zu 2022 ëm 73 Milliounen Tonnen op 673 Milliounen Tonnen erof gaangen. Dat entsprécht engem Réckgang vu 46 Prozent am Verglach zu 1990.

auto_stories

1 min

Illustratioun Industrie | © picture alliance / CFOTO | CFOTO
Illustratioun Industrie (Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO)

Een Erfolleg fir de Klimaschutz géif dat awer net bedeiten, soen d‘Auteure vun der Etüd. Nëmme ronn 15 Prozent vum Réckgang sinn dem Ausbau vun erneierbaren Energien ze verdanken. Ongeféier d'Hallschent geet op kuerzfristeg Effekter zeréck wéi engem verréngerte Stroumverbrauch.

Déi niddreg Emissioune kommen awer dohier, datt déi däitsch Industrie manner produzéiert. Virun allem d'Produktioun vun der energieintensiver Industrie hätt ofgeholl an d'Land doduerch als Industriesite geschwächt.

Den Haaptgrond fir de bessere Klimabilan wier, datt 2023 manner Stroum aus dem klimaschiedleche Verbrenne vu Kuel produzéiert gouf.