Radioen

On air

Concert  |  Hommage un den Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir COP30 a Brasilien: Dausenden Hektar Reebësch gefält, fir eng véierspuereg Autobunn

Klimakonferenz

Fir COP30 a Brasilien: Dausenden Hektar Reebësch gefält, fir eng véierspuereg Autobunn

A Brasilie géifen dausenden Hektar Reebësch gefält ginn, fir eng véierspuereg Autobunn ze bauen. Dat fir d‘COP30 Weltklimakonferenz zu Belém. Dat mellt d‘BBC.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jens Büttner
(Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner)

Zil wier et den Trafic Richtung Belém ze berouegen, esou d‘BBC. Fir d‘COP30 am November géife sech do iwwer 50.000 Visiteuren, dorënner Staats a Regierungscheffen aus aller Welt, erwaart ginn.

Wëssenschaftler:inne wiere besuergt, datt d‘Strooss den Ökosystem am Amazonas géif fragmentéieren an d‘Mouvementer vu wëllen Déiere géif stéieren.