Zënter zwou Woche kann am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique CHNP zu Ettelbréck d’Drénkwaasser net méi benotzt ginn, well am Waasser, dat aus der Quell zu Rolleng kënnt, de Grenzwäert vun engem Ofbauproduit vun engem Herbizid zäitweis iwwerschratt ginn ass, seet d’Brigitte Lambert Cheffe vun der Unitéit Grondwaasser an Drénkwaasser bei der Waasserverwaltung.
De strenge Grenzwäert géif bei 100 Nanogramm pro Liter leien a wier am Gesetz festgehalen. Der Santé no ass d’Konzentratioun eréischt bei 3.000 Nanogramm pro Liter gesondheetsschiedlech, präziséiert d’ Chef d’unité vun der Waasserverwaltung. Déi gemoosse Konzentratiounen am CHNP léich wäit ënnert dësem Wäert a just knapps iwwert dem gesetzleche Grenzwäert.
Trotzdeem géif dëst d’Beispill d’Wichtegkeet vum preventive Quelleschutz weisen, well wann eng Kontaminatioun bis am Ënnergrond wier, kéint et zum Deel Joerzéngten dauere bis dës erëm neutraliséiert ass, sou d’Brigitte Lambert.
"D'Openthaltszäiten am Ënnergrond an eisem Grondwaasser hei zu Lëtzebuerg variéieren tëschent e puer Joer a méi jee Joerzéngten, wéi mir hei um Beispill vun der Quell Dreibuere gesinn. De Produit ass zënter 16 Joer verbueden a mir moossen ëmmer nach ze vill héich Konzentratiounen un Dichlorobenzamide. Dat ënnersträicht nach eng Kéier wéi wichteg et ass fir Schutzzonen auszeweisen an och Moossnamen an de Schutzzonen ze ergräifen, well nëmmen duerch de proaktive Schutz schütze mir haut d'Waasser vu muer."
De CHNP zu Ettelbréck géif mat gemëschtem Waasser gespeist ginn. Dat heescht, datt Waasser aus der Quell vun Dreibouren mat Waasser aus anere Quellen aus dem Raum Ettelbréck gemëscht gëtt, fir de Wäert vum Herbizid ze miniméieren, sou Brigitte Lambert. D’Leitungen hätten awer net déi néideg Kapazitéit fir genuch anert Waasser ënnermëschen ze kënnen. Fir esou Kontaminatioun vum Drénkwaasser duerch Herbiziden an Zukunft ze verhënnere wier e proaktive Quelleschutz extrem wichteg. An de kommende Méint géif iwwerdeems um interne Reseau zu Ettelbréck geschafft gi fir d’Mëschverhältnis vum Waasser ze verbesseren.