Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Poison" an "On Falling"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasser aus der Musel als Drénkwaasser notzen? 

Ëmwelt 

Waasser aus der Musel als Drénkwaasser notzen? 

D’Waasser aus der Musel kéint an enger Rei Joren als Drénkwaasser genotzt ginn. De Syndikat SEBES soll d’Waasseropbereedungsanlag bedreiwen. Dat gesäit ee rezente Gesetzprojet vum Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) vir.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

An 10 bis 15 Joer kéint et esou wäit sinn, datt aus Muselwaasser Drénkwaasser gëtt. Domat rechnen de Moment nach ëmmer den Ëmweltministère an d’SEBES.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes bezeechent d'Pläng fir Drénkwaasser aus der Musel als e mëttel- bis laangfristege Projet. 

"Et muss een awer haut schonn och alleguerten déi Weiche stellen, fir datt mir dann och an deem Moment déi Versuergung kënne garantéieren."

Et wier gutt, datt no Alternative gesicht gëtt, seet d’Vize-Presidentin vun der SEBES an DP-Politikerin Simone Beissel. D’Iddi vun der Opbereedung vu Muselwaasser wier attraktiv. Et géif een domat rechnen, am Noutfall bis zu 40.000 Kubikmeter Drénkwaasser pro Dag kënnen ze offréieren. 

Op Enkpäss virbereet sinn

Mat der zousätzlecher Waasseropbereedungsanlag bei der Musel géif et dorëm goen, fir fir Enkpäss beim Drénkwaasser gerüst ze sinn, erkläert den André Weidenhaupt. Et misst een d'Spëtzten ofdecken. 

"D’Spëtzt ka sinn, well eng Kéier iergendwou ee grousst Feier ass, d’Spëtzt ka sinn, well et eng Zäit laang méi laang dréchen ass."

Déi Stater DP-Schäffin, Deputéiert a SEBES-Vize-Presidentin Simone Beissel seet, et misst een och bedenken, datt der SEBES eppes kéint geschéien. An da misst een eng Alternativ hunn. 

Eng Erausfuerderung bei de Pläng fir Muselwaasser opzebereeden, wieren awer déi néideg Infrastrukture fir de Waassertransport, esou d’Simone Beissel.

Net sécher ob d'Waasseropbereedung méiglech ass

D’Drénkwaasserversuergung soll also diversifizéiert ginn. An d’SEBES soll d’Aufgab iwwerhuelen, d’Waasser aus der Musel opzebereeden. Allerdéngs ass nach ëmmer net definitiv gewosst, ob dat sécher ka gemaach ginn. Well d’Resultater vun enger Machbarkeets-Etüd, déi d’Waasserverwaltung an Optrag ginn hat, leien, anescht wéi ugekënnegt, nach ëmmer net vir. Den SEBES-President André Weidenhaupt geet awer dovun aus, datt et méiglech wäert sinn, aus Muselwaasser Drénkwaasser ze maachen.

De Minister Serge Wilmes mengt, et géif sech ubidden, dem Syndikat SEBES d’Missioun ze ginn, fir an Zukunft d’Opbereedung vu Muselwaasser ze maachen. Et wéilt ee weisen, datt d'Regierung och eng Strategie huet, fir d'Drénkwaasserofsécherung ze garantéieren. 

Gläichzäiteg plangt d’SEBES (Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre) fir duerch 4.000 nei Solarzellen an duerch een neit Wandrad zu Eschduerf selwer genuch Stroum fir den eegene Verbrauch ze produzéieren.

Lauschterenplay_arrow