Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie und Kritische Theorie

play_arrow Live
search

/ Däitschland: Ampelkoalitioun decidéiert, datt Ëmweltbonus éischter ausleeft

Spueren um Staatsbudget

Däitschland: Ampelkoalitioun decidéiert, datt Ëmweltbonus éischter ausleeft

An Däitschland gëtt am Staatsbudget gespuert. Dat gëllt och bei de Subventioune fir d’Elektro-Gefierer.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PIC ONE | Christian Ender
(Foto: picture alliance / PIC ONE | Christian Ender)

D’Spëtzte vun der Ampelkoalitioun hunn decidéiert datt deen Ëmweltbonus méi fréi ewéi geplangt géif auslafen.

De Bundes-Verbraucherschutz fuerdert Kloerheet, vu wéini un dee Bonus ewechfält fir datt potentiell Keefer déi een Elektro-Auto bestellen och sécher sinn, datt se déi Hëllef nach kréien.

De Konsumenteschutz ass iwweregens der Meenung datt d’Kafprimmen um Ufank wichteg waren, mee laangfristeg kéint et net sinn datt d’Steierzueler déi Käschte finanzéieren. D’Industrie misst elo selwer kucken datt se attraktiv Präisser fir Elektro-Autoen ubidden.