Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP-Deputéiert Simone Beissel suergt mat Aussoen zum Heescheverbuet fir Opreegung

De Gilbert Pregno reagéiert

DP-Deputéiert Simone Beissel suergt mat Aussoen zum Heescheverbuet fir Opreegung

Mat hire rezenten Aussoen iwwert d‘Heescheverbuet géif d‘DP-Deputéiert a Stater Schäffe Simone Beissel de Rechtsstaat fragiliséieren a populistesch Iddie verbreeden. Dat seet de President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno. De Video, deen d‘Simone Beissel zesumme mat der fréierer CSV-Europadeputéiert Astrid Lulling opgeholl huet wier net ze erdroen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Simone Beissel an Astride Lulling | © Youtube / ApartTV play_arrow
D'Simone Beissel (lénks) an d'Astride Lulling (riets) hunn an hirer Sendung d'Heescheverbuet diskutéiert. (Foto: Screenshot YouTube / Apart TV)

D‘Opnam geet op de Januar zeréck an ass eng Episod vun enger Emissioun "Riicht Eraus", déi d‘Simone Beissel an d‘Astrid Lulling reegelméisseg ophuelen. Doran gouf den Avis vun der Mënscherechtskommissioun iwwert den Heescheverbuet ënner anerem esou vun der laangjäreger DP-Schäffen an Deputéiert kommentéiert:

"Déi Leit, déi géint eis sinn, déi eis voll attackéieren, déi sinn amgaangen alles mateneen ze vermëschen. Näischt géint de Gilbert Pregno, mee och...Mënscherechter, ne...et soll mol gekuckt gi wiem seng Mënscherechter hei am Déngen ass (...)."

D‘Heescherei an der Stad wier zanter dem Bäitrëtt vu Rumänien an d‘EU ëmmer méi desagreabel gi fir Passanten an der Stad, erkläert d‘Simone Beissel weider, si géif den Heescherte keng Sue ginn, se awer "fidderen". Doriwwer eraus gëtt an der Opnam vun der Astrid Lulling insinuéiert Heesche sollt Leit mat Lëtzebuerger Pass virbehale sinn. De President vun der Mënscherechtskommissioun, Gilbert Pregno, seet hie wier erféiert iwwert d‘Ausdrocksweis vun den zwou Politikerinnen:

"Do waren awer wierklech Saachen dran, déi ware mënscherechtsveruechtend. Do geet rieds vun 'Heescherte fidderen', do geet rieds vun Roma a Sinti. Also dat do geet einfach net."

Waasser op d'Mille vun de Populisten

Aggressiv Heescherte wieren Affer vu Sklaverei an och dat wier eng Fro vu Mënscherechter, betount d‘Simone Beissel nach an hirer Interventioun. De Gilbert Pregno präziséiert sengersäits Mënschenhandel wier ee Verbriechen.

D‘Wäerter vun der Demokratie missten oprecht erhale ginn. A wa Persounen, déi ee politescht Mandat hunn, wéi d‘Simone Beissel, sech esou géifen äusseren, da géifen um Enn weder si nach aner Politiker eescht geholl ginn. An dat wier Waasser op d‘Mille vun deenen déi populistesch Iddie wéilte verbreeden, esou de Gilbert Pregno.

"Also wann ech Populist wier, da géif mech zeréckleeën a Leit wéi d'Madamme Beissel schwätze loosse, well si mécht am Fong wäiss Strécher, déi do sinn, déi mécht déi futti an da wësse mir net a wat mir kommen. Dofir ass dat do fir mech onerdréiglech."

De Gilbert Pregno wërft eng Fro un d‘Ministeren an d‘Deputéiert vun der Majoritéit op.

"Wéi ginn déi eens domat, datt sou mënscherechtsveruechtend Aussoe gemaach ginn, déi eise Rechtsstaat fragiliséieren?"

De Lex Delles huet mat der Simone Beissel geschwat

Den DP-Minister Lex Delles sot op eis Nofro hin, datt hie mat der Simone Beissel geschwat hätt, an datt si géif bedaueren, datt si de falschen Toun getraff hätt. Si hätt sech och fir hir onglécklech Aussoen entschëllegt. Ob et elo Konsequenze fir d‘Simone Beissel ginn, an ob dee Video weider online bleift, doriwwer wollt de Lex Delles näischt soen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft