Et wier een um Terrain och net prett fir esou eng grouss Reform duerchzezéien. D'Joëlle Damé vun der Konkurrenz-Gewerkschaft SEW/OGBL fënnt och, datt ee sech misst Zäit huelen. Si huet betount, datt de Projet net duerchduecht wier. Et hätt een dat ganzt Sproochekonzept missten iwwerdenken, vun der Grondschoul bis op Première. Bis elo wier allerdéngs net bekannt, wat am Lycée a Saache Sproochenunterrecht géif änneren, grad wéi un der Orientéierung. Béid Gewerkschaften, SEW an SNE trieden am Mäerz bei de Wale fir d'Staatsbeamte-Kammer un.
Donieft wier déi zweesproocheg Alphabetiséierung och vum logistesche Point de vue hir schwiereg ëmzesetzen, wéi aktuell och vill Schoule géife berichten, sou d’Joëlle Damé. Et géif nämlech u Personal a Klassesäll feelen.
"Do si vläicht Schoulen, déi si gutt equipéiert a bei anere Schoule feelt vill méi. Et si vill Schoulen, do gëtt de Cours op de Gäng gehal."
Wann een d'Klasse fir verschidde Fächer wéilt mëschen a fir d'Alphabetiséierungssprooch a fir d'Mathé trennen, da bräicht ee méi personell Ressourcen.