Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Zukunft vun de Stater Mäert

Firwat komme manner Leit op de Maart?

D’Zukunft vun de Stater Mäert

D’Maartleit an der Stad sinn net zefridde mam Zoulaf op de Mäert. D’Konsequenze vun der Pandemie an déi aktuell Wirtschaftslag hätten d’Akafsgewunnechte vun de Leit verännert. De Wochemaart zu Bouneweg ass schonn zanter dem 26. Mäerz net méi do. An och um traditionelle Rendez-vous um Knuedler sinn - virun allem mëttwochs - manner Leit present, wéi soss. 

auto_stories

7 min

headphones

4 min

play_arrow
Trotz guddem Wieder ware just vereenzelt Clienten um Stater Maart. (Foto: Bryan Bast/Hannah Barbel)

Et ass Mëttwochmoien, 10 Auer. D‘Wieder ass gutt, mee et si just vereenzelt Clienten um Maart an der Uewerstad. Déi wéineg Leit, mat deene mir geschwat hunn, komme sech awer gären op d’Stänn ëmkucken.

Nees um Knuedler: Ee groussen Ënnerscheed zum Hamilius

Déi maachen dat, well si um Stater Maart méi Choix hunn, wéi soss op anere Plazen. Aner Leit si Käch, déi op de Maart hir Produite kafe kommen. Mir hunn awer och mat Leit geschwat, déi einfach just gär an d'Stad kommen.  

Zanter dem leschte Summer ass de Stater Maart dann och erëm zeréck um Knuedler. Wéinst den Aarbechten do war e virdru fir zwee an een halleft Joer op den Hamilius geplënnert. Och wann d’Plaz u sech ze kleng war, huet se sech gutt ugebueden, well vill Passage war, seet d‘Sylvie Clees, Sekretärin vum Lëtzebuerger Maartverband. Elo erëm um Knuedler mierken d’Maartleit e groussen Ënnerscheed.

"De Mëttwochsmaart huet ganz vill ofgeholl. Dee geet guer net mei gutt. Do kommen d'Leit eréischt ab 10 Auer. Och vläicht, well d'Geschäfter eréischt dann op sinn, well dann ass et eréischt interessant an d'Stad ze kommen. Mee elo ass et ganz roueg ginn. Hei uewen an der Stad si keng Geschäfter méi, keng Banke mei, alles huet sech verzunn. Et sinn also och net méi vill Leit hei, déi akafe wëllen.’’

Manner Mäert: Héich Loyerspräisser a Grande-surfacen als Ursaach?

Och op Säite vun der Politik stellt een dat fest. Den zoustännege Schäffe Patrick Goldschmit vun der DP gesäit ee Grond bei der Konkurrenz vun de Grande-surfacen. Mee hie gesäit och een aner Problem: déi héich Loyerspräisser wieren eng Belaaschtung fir d‘Geschäftsleit.

"Et géif ee sech jo erwaarden, datt wann d'Commercen eidel sinn, datt dann d'Proprietäre mat de Loyeren erofgi fir do erëm een Equiliber ze fannen. Dat ass awer leider net ëmmer de Fall.“

 

Laut dem Quotidien huet de Stater Geschäftsverband de Constat gemaach, datt 2023 méi Geschäfter an der Stad zou-, wéi opgemaach hunn. De Patrick Goldschmidt contestéiert dat net.

"Natierlech constatéiere mir dat och, an der Uewerstad vläicht manner, mee awer op der Gare, wou vill Commercen zougemaach hunn. Mir maachen Zielunge vun der Frequentatioun. Do sinn et ebe Verschiebunge ginn. Mir probéieren, deem entgéintzewierken. E bësse mam Pop-Up-Konzept, dat awer net déi eenzeg Léisung ka sinn.“

D'Schicksal vum Bouneweger Maart

De Maartverband wënscht sech nieft enger méi beliefter Uewerstad awer och méi Visibilitéit fir d’Maartliewen u sech. Zu der Fro, wat de Verband selwer fir seng Visibilitéit mécht, seet de Jeff Burg, President vum Maartverband:

"Mir organiséiere Manifestatiounen, puer Eventer um Maart, spréch heiansdo Kaffi um Maart, Kachen um Maart. Fir Ouschteren hate mir Eeër verdeelt, am Hierscht verdeele mir Äppel un eis Clientèle. Fir datt bëssi Ambiance um Maart ass. An haaptsächlech dann och Reklamme matzeplangen, wéi eng datt mir maachen a wou a wéini.“ 

D’Sylvie Clees fënnt och, datt den Zesummenhalt vun de Verkeefer onëmgänglech ass, fir d‘Existenz vum Maart weiderhin ze garantéieren. Et soll verhënnert ginn, datt um Knuedler dat selwecht wéi zu Bouneweg geschitt. Do koumen net genuch Leit akafen, an et hate sech net méi genuch Stänn gemellt, esou d’Sekretärin vum Verband.

E weidere Krittär fir d‘Weiderbestoe vun de Mäert wier ee fairt Zesummespill vu Gemeng a Verband, seet de Patrick Goldschmidt nach.

“Ech muss soen, mir hëllefen dem Maartverband extreem vill hei an der Stad, finanziell a logistesch. Et däerf een et sech net esou einfach maache fir ze soen, datt et nëmmen un der Stad Lëtzebuerg wier, fir alles ze maachen.” 

Domat ass de Jeff Burg averstan an hofft, datt mam Fréijoer och no an no erëm méi Leit um Stater Maart laanschtkommen.

Lauschterenplay_arrow


Reportage: Hannah Barbel a Bryan Bast

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft