De Chirurg aus den Hôpitaux Robert Schuman a säin Affekot François Prum wëllen d’Suspensioun kippen.
Si hunn d’Verwaltungsgeriicht eng Kéier um Fong saiséiert, wat awer nach Méinten oder Joren dauere ka bis en definitiivt Uerteel virläit. En attendant hu si och iwwer de Wee vum Référé elo mol gefrot, datt d’Suspensioun opgehuewe gëtt.
Dr. Wilmes hätt e grousse finanzielle Schued
Um Verwaltungsgeriicht huet de Me Prum op en Neits argumentéiert, datt d’Suspensioun vum Dokter Wilmes just op Vermutunge géif baséieren an datt d'Prozeduren net agehale gi wieren.
Duerch d’Suspensioun hätt den Dokter Wilmes e grousse finanzielle Schued. An och säi Ruff géif dorënner leiden.
"Dir kënnt dat stoppen", esou de Me. François Prum géintiwwer der Riichterin.
Affär muss um Fong gekläert ginn
De Me Patrick Kinsch, deen de Gesondheetsministère an dëser Affaire vertrëtt, war der Meenung, datt de Ruff scho geschiedegt wier.
D’Suspensioun opzehiewen géif dat net direkt rëm retten. Dat eenzegt wat dem Dokter Wilmes géif hëllefen wier, datt d’Affär am Fong géif geklärt ginn, esou de Me Kinsch.
"Déi Expertise muss nom Gesetz innerhalb vun zwee Méint fäerdeg sinn. Dat sinn net zwee Deeg, dat war net seriö, an et sinn awer och keng zwee Joren. Déi Expertise do renseignéiert eis driwwer, wat dann, wat fir eng Suitten d’Affär hei definitiv hu soll."
De Me Kinsch huet d’Decisioun vun der Suspensioun verteidegt.
Ministère hätt just wëlle Patientewuel erhalen
Opgrond vun hirem Kenntnisstand wier der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi den Dokter Wilmes ze suspendéieren.
Si hätt nom principe de précaution agéiert.
"De But vum Ministère ass net gewiescht an ass och elo net, fir den Dr. Wilmes virzevuerteelen oder ze soen, datt e schëlleg ass. Dat ass et net. Dat ass just, wéi d'Gesetz et virgesäit, d’Patientewuel ze sauvegardéieren."
D’Uerteel am Référé soll an de nächsten Deeg gesprach ginn. Dat ass awer da just eng éischt Etapp, well d’Uerteel um Fong nach eng Zäit op sech waarde wäert loossen.
Annonce vun der FindelClinic
Um Mëttwochmëtteg huet de concernéierten Dr. Wilmes iwwerdeems ugekënnegt, datt d'FindelClinic, wéi geplangt, den 2. Mäerz hir Diere wäert opmaachen.
D’FindelClinic ass e Projet vun der fréierer Spëtzt vun der Dokter- an Zänndokteschassociatioun AMMD, den Dokteren Alain Schmit a Philippe Wilmes, zesumme mat Promoteuren a Geschäftsleit.