Am Ganze kéint d’Uni domat 1,3 Milliounen Euro méi u Recette generéieren. Onëmstridden ass déi Decisioun net. D’Studentenorganisaitoun UNEL, denoncéiert déi Hausse a bemierkt, datt dat eng Méi-Belaaschtung fir de Portmonni vu verschidde Studenten ass.
Déi zousätzlech Recettë ginn de Studenten awer net ganz verluer, seet hirersäits d’UNI Lëtzebuerg. Mat dene Sue sollen Aktivitéite fir de Bien-être op der Uni organiséiert an dee psychologesche Support gëtt ausgebaut ginn.
Dausenden zukünfteg Studenten an hir Famillen a Frënn waren de Samschdeg um Belval ënnerwee fir sech d’Uni unzekucken. Eng Plaz wou si méiglecherweis geschwë ganz vill Zäit verbrénge fir sech ze forméieren op eng direkt oder indirekt Manéier.
Wuelbefannen uewen op der Agenda vun der Uni
Alles dat wat wärend der Pandemie eigentlech net sou gutt gelaf ass fir Studenten, well si isoléiert waren, gëtt elo opgeschafft, an et ginn nei Mëttel agesat fir d’Studenten z’ënnerstetzen. Op der uni.lu gëtt et de Studenteservice deen de Jonken eng Hëllef ubitt, wa se eng Aktivitéit wëlle proposéieren, seet d’Veerle Watersplas vum Studenten Service.
Et wier wichteg, datt d’Studente selwer kreativ ginn an Aktivitéite proposéieren, betount d’Veerle Watersplas. "Nous aussi on organise des évènements, on a un marché aux puces, on a un boardgame nights des reading circles..."
Gutt fir Kompetenze weiderzeentwéckelen
Iwwert Aktivitéiten, déi Studente selwer sollen entwéckelen, kéint ee verhënneren, datt verschidde Jonker sech sozial isoléieren. Déi Liene mat anere Studente géifen och de Studie selwer ze gutt kommen, hu verschidden Etüden erginn, erkläert de Vizerecteur vun der uni.lu de Philippe Hiligsmann. Duerch den direkte Kontakt léieren d'Student:innnen och aner Kompetenzen, ënnersträicht den Philippe Hiligsmann.
Zum Beispill géife si sou léieren an der Ekipp ze schaffen, relationell Kompetenzen opzebauen, ze kommunizéieren an ze verhandelen, op aner Leit zouzegoen a verschidde Sproochen ze schwätzen. Déi Kompetenze géifen de Jonken dono och um Aarbechtsmarché ze gutt kommen, sou de Philippe Hiligsmann.
Iwwert een informelle Wee, léiere Jonker déi dacks doheem a wärend hirer Jugend net selwer konnte Projeten op d’Bee stellen – ënner anerem wéinst der Covidpandemie - wéi ee mat aneren zesummeschafft a virun allem selwer Projete kann entwéckelen an ëmzesetzen. An dat kann ee wuel an engem Liewenslaf valoriséieren, erkläert de Philippe Hiligsmann.
Fong fir pedagogesch Innovatioun
Iwwert déi nei Finanzmëttel, déi duerch d’Erhéijung vun den Aschreiwungsgebühre gesammelt ginn, kéint ee vill Aktivitéiten entwéckelen.
"On a renforcé par exemple déjà les services psychologiques, on a renforcé l'ombuds, donc il y a deux personnes qui ont été engagées aussi grâce à ses frais. On va aussi aider la délégation étudiante justement à mieux se structurer."
Geplangt ass och d’Schafe vun engem Fong fir déi pedagogesch Innovatioun, mam Zil nei Methodologien am Enseignement z’entwéckelen. D‘Uni wier eng vun den eenzege Plazen op deenen ee experimentéieren an nei Enseignements- a Léiermethode kéint ausprobéieren.