Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
search

/ D'USA erlaben der Ukrain Attacke mat amerikanesche Waffen op russeschem Territoire

Revirement

D'USA erlaben der Ukrain Attacke mat amerikanesche Waffen op russeschem Territoire

Dat géif awer ausschliisslech fir Géigenattacken als Verteidegung vun der ostukrainescher Groussstad Charkiw gëllen, sot en US-Regierungspriecher der däitschter Noriichtenagence dpa zu Washington. Charkiw läit no bei der russescher Grenz an déi ukrainesch Truppe kämpfen do fir déi rezent Offensiv vu Russland an där Regioun ofzewieren.

auto_stories

1 min

Den NATO-Generalsektär Jens Stoltenberg huet d‘Annonce vun den USA begréisst. D‘Ukrain hätt e Recht sech selwer ze verdeedegen, dozou géif och d‘Recht gehéieren, militäresch Ziler a Russland unzegräifen, esou de NATO-Chef bei engem informellen Treffe vun den NATO-Ausseministeren zu Prag.

Och aner Regierungscheffen hu rezent Restriktioune fir d'Ukrain opgehuewen

Den tschecheschen Ausseminister sot hie géif der Ukrain erlaben, westlech Waffe fir Attacken op russeschem Gebitt ze notzen. Ugangs der Woch hat och de franséische President Emmanuel Macron sech dofir ausgeschwat.

De russesche President Wladimir Putin huet mat Konsequenze gedreet fir de Fall d‘Ukrain d‘Waffe vun hiren Alliéierte fir Attacken op russeschem Gebitt géif notzen.

Däitschland hëlleft mat 500 Milliounen Euro

Däitschland stellt der Ukrain iwwerdeems zousätzlech Waffen an Héicht vun enger hallwer Milliard Euro zur Verfügung. Dat huet den däitsche Verteidegungsminister Boris Pistorius gëschter Owend bei enger Visitt an de ukrainescher Stad Odessa annoncéiert.