arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schoul vun der Zukunft?

Schengen-Lycée

|
headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

D'Schoul vun der Zukunft?

Am Däitsch-Lëtzebuerger Schengen-Lycée zu Pierel ass et dëst Joer eng ganz besonnesch Rentrée. Vun dësem Schouljoer u gëtt do nämlech een neit Léierkonzept ageféiert. D’Schülerinnen a Schüler solle selwer decidéiere kënnen, a wéi engem Tempo si d’Haaptfächer Franséisch, Däitsch a Mathé léieren.

headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow
All Schüler:in huet en eegent Pult dat selwer gestalt ka ginn. | © Sophie Schroeder
All Schüler:in huet en eegent Pult dat selwer gestalt ka ginn. (Foto: Sophie Schroeder)

Am Plaz vu Klassesäll mat klassesche Reien u Schoulbänke mat Bléck op d’Tafel huet hei all Kand seng eege Plaz fir ze schaffen. Also ee Pult, ofgetrennt vun deem vum Noper, an dat d’Schülerinnen a Schüler och selwer gestallte kënnen.

Kee Frontalunterrecht méi

Am "Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum" zu Pierel soll de Schoulsystem, wéi mir e kennen, komplett nei geduecht ginn. Keen Enseignant méi, dee reegelméissege Frontalunterrecht hält a virun der ganzer Klass d’Matière erkläert, mee flexibel Raim fir ze léieren a vill Eegeverantwortung.

An engem éischte Schrëtt ginn dës Rentrée d’fënneft an d’sechst Schouljoren - dat heescht déi jéngste Klassen am Schengen-Lycée - an deen neie System agefouert. Déi méi al Klasse bleiwen nach am gewinnte System a Joer fir Joer gëtt dann ee Joergang an deen neie Léier-Modell integréiert, erkläert d’Direktesch Marion Zenner.

"Selbstorganiséiert heescht net chaotesch"

A Fokus-Raim kréien d’Schülerinnen an d’Schüler d’Méiglechkeet, konzentréiert a ganz a Rou un hirem eegene Pult ze schaffen a selwer ze decidéieren, ob si grad un hire Franséisch-, Däitsch- oder Mathé-Aufgabe schaffe wëllen.

Dernieft ginn et Fach-Raim, wou ee mam Enseignant d’Saachen duerchgoen oder Gruppenaarbechte maache kann. Alles am eegenen Tempo, mat graffen Deadlines, erkläert den Christian Meier vun der Cellule de Développement.

“Die erste Unité sollte bis zu den Herbstferien durch sein. So dass es so einen Rahmen gibt, in dem die Kinder arbeiten können, aber wie sie das täglich ausgestalten das ist ihnen überlassen.”

D’Enseignantë fungéieren dobäi als Begleeder an Ënnerstëtzer. All Schüler kritt och ee Mentor attribuéiert, mat deem dann eemol d’Woch een individuellt Gespréich stattfënnt. Do kann iwwer de Léierprozess an och dat allgemengt Befanne geschwat ginn.

“Dat selbstorganisiert heescht net chaotesch 'ech maache wat ech wëll'. Mee dat heescht ëmmer a Begleedung an et ass ëmmer een dobäi, dee Feedback freet. Et ass net eleng gelooss, mee et ass begleet.”

Schüler:inne schreiwen d'Prüfung, wa si sech prett fillen

Och dierfen d’Schüler:inne selwer decidéieren, wéini si d’Prüfungen an den dräi Haaptfächer schreiwen. Also dann, wa si mam Material duerch sinn a sech prett fillen.

Mee funktionéiert Léieren ouni Drock? Jo, seet d’Direktesch: D’Zil vun dësem neie Model wier et, d’Kanner fir méi Eegeverantwortung, Organisatioun, kritescht Hannerfroen a Vertrauen an déi eege Fäegkeeten ze sensibiliséieren.

Déi lescht zwee Joer hätt een dat neit Konzept ausgeschafft. Dobäi hat d’Direktioun sech vill aner Schoule mat neie Léier-Modeller ugekuckt an d’Enseignante krute spezifesch Formatiounen. Och fir déi ronn 200 concernéiert Schüler:innen, déi elo no deem neie System schaffen, war dëst eng grouss Ëmstellung, mee insgesamt wier ee séier am neie System ukomm, erzielen d‘Schüler:innen.

Méi Zäit fir déi schwaach Schüler:innen

Den neie Modell géif och de Virdeel mat sech bréngen, datt ee sech net méi vun dem fäerdege Cours berisele léisst. Méi staark Schüler kéinten esou méi séier viru kommen an d’Enseignanten hätte méi Ressourcë fir sech deene Schüler ze widmen, déi sech nach méi schwéier dinn, betount de Christian Meier.

"Und damit vernachlässige ich keinen von den anderen, wie im normalen Unterricht, sondern ich kann mich wirklich individuell um die Schüler kümmern. Und die die gut zurecht kommen können einfach mal laufen und ihr Ding machen."

De Schengen-Lycée schwätzt vun enger "Schoul vun der Zukunft". Nach ass den Ausbau vum neie Konzept awer net fäerdeg. No an no sollen an den nächste Joren och d’Niewefächer no deem neie Modell funktionéieren.

play_arrow Lauschteren