Oxfam huet d’Etude am Virfeld vun der Reunioun vum Weltwirtschaftsforum zu Davos verëffentlecht. Deemno hunn déi fënnef räichste Leit op der Welt, alles Männer, hiert Verméigen zanter 2020 méi wéi verduebelt. Parallel si bal fënnef Milliarde Mënschen oder 60 Prozent vun den Ärmsten nach méi arm ginn.
An zéng Joer éischten Dollar-Billionär
Oxfam huet fir hier Etüde eng ganz Rei vun Donnéeën zesummegefaasst, dorënner ënner anerem Estimatioune vu Forbes iwwer d’Verméige vu Milliardären. Oxfam kënnt och zur Conclusioun, datt mat den aktuelle Wuesstemstauxen d’Welt an 10 Joer den éischten Dollar-Billionär wäert hunn. Déi global Aarmut dergéint wier och an 230 Joer nach net iwwerwonnen.
A senger Aleedung zum Rapport huet den amerikanesche Senator Bernie Sanders geschriwwen: Nach ni virdru wier d’Schéier tëscht aarm a räich esou grouss gewiescht, d’Ausmooss vu Gier, Arroganz a Verantwortungslosegkeet wieren eemoleg.
Leit mat héijem Akommes staark taxéieren
Den Oxfam-Donnéeën no hunn déi fënnef räichst Männer zanter 2020 am Schnëtt e Benefice vu 14 Milliounen Dollar d’Stonn gemaach. Si kumuléieren e Kapital vun 869 Milliarden Dollar.
Méi Gerechtegkeet wier Oxfam no nëmmen iwwer staatlech Reguléierung a virun allem Steiere méiglech. Besonnesch Leit mat héijen Akommes misste staark taxéiert gi fir Klimaschutz, Educatioun, de Gesondheetssystem an déi sozial Ofsécherung ze finanzéieren.
Staark Ongläichheete mat enger riseger Zuel vun aarme Leit an enger relativ klenger Zuel vu Milliardäre géifen zu Marginaliséierungen an Diskriminéierunge vu Gruppe féieren. D’Onzefriddenheet an d’Ongerechtegekeestgefill déi doduercher entsti kéinte d’Demokratie ënnergruewen, sou nach d’Auteure vum Rapport.