Radioen

On air

Moiesstudio  |  Michel Knepper

play_arrow Live
search

/ ULC fuerdert: Energiepräisdeckel soll bis Enn dës Jores erëm agefouert ginn

Pressekonferenz

ULC fuerdert: Energiepräisdeckel soll bis Enn dës Jores erëm agefouert ginn

Et wiere kritesch Zäiten an dat hätt och Konsequenze fir de Verbraucher, seet den ULC-President Nico Hoffmann.

auto_stories

2 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

De President vun der ULC betount ënner anerem, datt d'Präishaussen am Energieberäich fir vill Konsumenten ee Problem wieren. D'ULC fuerdert, grad wéi verschidden Oppositiounsparteien, datt den Energiepräisdeckel erëm agefouert gëtt, op d'mannst bis Enn des Joers.

Och beim Thema Aarmut an Inflatioun misst d’Regierung méi maachen, fënnt d’ULC – a proposéiert ënnert anerem méi Transparenz an der Präispolitik. Generell misst d‘CSV-DP Regierung de Konsument an dësen Zäite méi ënnerstëtzen.

Den Nico Hoffmannplay_arrow

"Bei dëser Regierung hu mir och quasi vun Ufank u gemierkt, datt de Konsumenteschutz d'Rechter vun de Verbraucher, ech géif dat mol esou ausdrécken, éischter eng ënnergeuerdent Roll spillen."

Den Nico Hoffmann wäert iwwregens just nach bis Mëtt Juni President vun der ULC sinn. Hien huet decidéiert no 16 Joer a senger Roll als President keen neit Mandat méi unzefänken.

Den Nico Hoffmann wäert iwwregens just nach bis Mëtt Juni President vun der ULC sinn. Wie seng Nofolleg kéint iwwerhuelen, ass iwwerdeems net gesot ginn.