arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Presidentin vum Centre pour l’egalité de traitement huet demissionéiert

Susanna van Tonder

|
headphones

1 min

D'Presidentin vum Centre pour l’egalité de traitement huet demissionéiert

D’Presidentin vum Centre pour l’egalité de traitement, d'Susanna van Tonder, huet hir Demissioun agereecht. Wéi si dem radio 100,7 haut um Mëttwoch op Nofro hi confirméiert huet, hat si hir Entscheedung d'lescht Woch der Chamber matgedeelt.

headphones

1 min

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Als Grond hat d'Susanna van Tonder strukturell Dysfonctionnementer beim CET uginn. Wat genee domat gemengt ass, dozou wollt si den Ament nach keng Detailer ginn.

Weider hätt si sech och aus gesondheetleche Grënn dofir entscheet, hire Posten opzeginn, esou nach d’Susanna van Tonder.

Claude Wiseler bedauert d'Demissioun

Den CSV-Chamberpresident Claude Wiseler bedauert der Susanna van Tonder hir Demissioun. Zu den eventuelle strukturellen Dysfonctionnementer wollt de Chamberspresident sech net äusseren. Am Hierscht soll d’Chamber sech als Autorité de tutelle awer mam Comité vum CET iwwer méiglech strukturell Probleemer austauschen.

Den Ament géif och un engem Gesetzestext geschafft ginn, bei deem d’Organisatioun vum CET, dem OKAJU an dem Ombudsman soll iwwerschafft ginn. Wann néideg wier ee bereet, déi Probleemer unhand vum Gesetzestext unzegoen, esou de Claude Wiseler nach op eis Nofro hin.