Gëschter gouf nach eng nei gegrënnten ASBL mam Numm „Solidaritéit mat den Heescherten“ presentéiert. Do dra sinn eng Rei vu Politiker an Affekote regruppéiert, déi iwwer d'Theema wëllen informéieren an och juristesche Bäistand leeschten. Membere si Leit, wéi de Serge an de René Kollwelter, den Tom Krieps oder nach de Guy Foetz an d‘Marie-Marthe Muller, Leit also aus dem Ëmfeld vun der Asti, der LSAP, Déi Lénk an de Piraten.
Eng drëtt ASBL: „Kënschtler géint d‘Heescheverbuet“
Dann huet sech och nach e Grupp mam Numm „Kënschtler géint d‘Heescheverbuet“ gegrënnt, e Grupp ronderëm d‘Nora Wagner, Clio Van Aerde a Kim El Ouard. Si hu muer Samschdeg tëscht zwou a véier Auer eng Aktioun an der Groussgaass, wou si d’Absurditéit vum Heescheverbuet wëllen illustréieren.