Gewielt gi bei de Midterms vill staatlech Rollen – bis op de President. A ville Staaten de Gouverneur, an dann och nach d’Plazen am Representantenhaus an am Senat.
Walbedeelegung schéngt elo scho méi héich
Am Bundesstaat Michigan, dee besonnesch ëmkämpft ass, deit alles op eng enk Course tëschent dem Demokrat Abdul El-Sayed an dem Republikaner Mike Rogers hin. Hei kann een zënter enger Woch scho wielen an d’Walbedeelegung ass 30 Prozent méi héich, wéi am nämmlechten Zäitraum 2022.
Deen nämmlechte Prinzip gëllt ënner anerem fir Texas. Déi republikanesch Héichbuerg kéint och do wackelen. Bis ewell hunn do 50 Prozent méi Leit gewielt, wéi dat viru véier Joer nach de Fall war.
Demokrate sinn optimistesch
Just nach een Drëttel vun den US-Amerikaner:inne fannen, datt den aktuelle President Donald Trump eng gutt Aarbecht mécht. D’Midterms gëllen och ëmmer als Urteel fir d’Partei, déi grad un der Muecht ass.
An déi hunn d’Republikaner den Ament gepacht: Si sëtzen am Wäissen Haus an hunn d’Majoritéit a béide Kongresss-Chamberen.
D’Demokraten hoffen elo drop, dat dréinen ze kënnen, an an zwee Joer bei der Presidentschaftswal dat lescht Puzzlestéck dofir anzesammelen.
Kéint de Krich am Iran de Republikaner Stëmme kaschten?
D’Sondagen, déi weisen, datt verschidde Sujete besonnesch wichteg sinn bei dëse Midterm-Walen: D’Wirtschaft, d'Pëtrolspräisser, d'Liewensmëttelpräisser an och d'Inflatioun, déi en direkte Lien mam Krich am Iran huet.
E Krich, deen den Donald Trump jo eigentlech versprach hätt, net wéilten ze hunn. Hie wollt en amerikanesche President sinn, dee kee Krich féiert, mee den Ament gesäit ee keen Enn vun deem Iran-Krich. Dat ass och e besonnesch wichtegt Theema am amerikanesche Walkampf.
Trump mécht Walkampf fir seng Partei: Fluch oder Seegen?
Vill republikanesch Kandidate gi vum Donald Trump ëffentlech ënnerstëtzt. Mat deem senge schlechte Sondagewäerter wëllt een awer vläicht net onbedéngt a Verbindung gesat ginn.
Den Donald Trump ass net um Walziedel, mee hien huet et ganz kloer den amerikanesche Wieler:inne gesot: "Wielt, wéi wann ech um Walziedel drop wier."
Ëm wat geet et bei de Midterms iwwerhaapt?
Bei de Midterms gëtt iwwer dat ganzt Representantenhaus an en Drëttel vum Senat ofgestëmmt. D'Representantenhaus, wéi och de Senat sinn Deel vum amerikanesche Kongress a stellen d'Legislativ vum Land duer.
Am Representantenhaus sëtze 435 Deputéierter aus genee esou ville Walbezierker. Si sinn op zwee Joer gewielt.
Am Senat sëtze par contre 100 Senateuren. Zwee pro amerikanesche Bundesstaat. All zwee Joer gëtt en Drëttel vun de Senateuren nei gewielt.
Den Ament hunn d'Republikaner a béide Kammeren d'Majoritéit. Wann d'Demokraten dee status quo bei de Midterms dréine kéinten, kéinte si méi einfach Gesetzer vum US-President blockéieren an d'Regierung a Kommissioune besser kontrolléieren.
Den 3. November ginn d'Midterm-Walen ofgehal.
Lauschtert hei d'Aschätzunge vun eisem Korrespondent Philip Crowther