Doran hat d’Procureur Général ënner anerem kritiséiert, datt bal 1.300 Fäll vu Verbrieche géife leie bleiwen, well 110 Enquêteure vun der Kriminalpolice am Kampf géint d’Mendicitéit mat agesat goufen.
Am 100,7-Interview gëtt de Léon Gloden zou, datt verschidde Spezialiste vun der PG fir dee Kampf agesat gi wieren, déi dat net hätte sollen.
"Effektiv huet do een Responsabelen een excès de zèle gemaach andeem hien notamment d'Police judiciaire vun der Section recherche financière an économique op den Terrain geschéckt huet. Ech hunn dunn direkt gesot: 'Ruff déi Leit zeréck'."
Luc Frieden: "Ech hunn deem näischt zouzefügen"
Den Inneminister hat de Moien och op RTL reagéiert, an heen huet och do gesot, datt hien de Bréif vun der Martine Solovieff als een Hëllefruff géif gesinn.
Hee géif sech der Reaktioun vum Léon Gloden reliéieren, esou de Premier Luc Frieden de Moien am 100,7-Interview: "Ech hunn deem näischt zouzefügen.", esou de Premier.
Zum Kritikpunkt am Bréif vun der Procureure générale, wat d'Gewaltentrennung ugeet, seet de Premier awer.
"D'Lëtzebuerger Regierung steet voll a ganz hannert deem Prinzip vun der Gewaltentrennung, an dat ass sou, an dat bleift sou."
Déi Lénk: Déi Verantwortlech musse mat Konsequenze rechnen
Déi gréng Deputéierten a fréier Justizministerin Sam Tanson ënnersträicht, datt et net kéint sinn, datt de Policeminister decidéiert, a wéi eng Richtung d'Justiz hir Aarbecht misst maachen.
"An d'Justiz kann hir Aarbecht net maachen, wann d'Police judiciaire hir entzu gëtt. Da si mir net méi konform zu deem Code de procédure pénale."
Zum Bréif vun der Martine Solovieff seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, datt dat "ee relativ staarken Désaveu vun der Politik vun der Regierung" wier.
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser mengt, d'CSV misst an der Affär méi handwierklecht Talent weisen, fir déi Situatioun sou ze redresséieren, wéi et elo néideg wier. Den Deputéierte vun déi Lénk, David Wagner, stellt sech d'Fro, fir wéi laang déi béid Ministeren, Léon Gloden an Elisabeth Margue, et nach an der Regierung géifen aushalen.
"Mir hunn eng institutionell Kris. Dat heescht, u sech iergendeng Kéier missten awer déi Verantwortlech vun dëser Kris, déi heeschen haaptsächlech Gloden, mee awer och e bësse Margue, misste vläit mat Konsequenze rechnen."