Et misst ee sech elo Gedanke maache wéi een d'Land "an engem gewësse Sënn erëm op Vordermann" kritt, amplaz Zäit ze verléieren.
"Et gehéiert zum Sozialdialog, datt een net ëmmer alles kritt, wat ee sech virstellt", esou den Tom Baumert. Dofir sollten d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften den 9. Juli un engem Dësch verhandelen an net am Virfeld rout Linnen zéien.
Den Tom Baumert relativéiert iwwerdeems de Succès vun der grousser Gewerkschaftsmanifestatioun de leschte Samschdeg an der Stad. Et wiere just ronn 10 Prozent vun den 125.000 LCGB- an OGBL-Gewerkschaftsmembere present gewiescht, 9 vun 10 Gewerkschaftler wieren also net op d'Manif gaangen.