Tëschent den Awunner grad ewéi tëschent de Quartieren an der Südgemeng, ginn et awer relativ grouss Ënnerscheeder, wéi den Observatoire social, deen d’Gemeng zesumme mam Fuerschungsinstitut LISER ausgeschafft huet, elo weist. De But vun dësem Observatoire social wier d’Besoinen an och d’Potential vun der Gemenge besser aschätzen zu kënnen. Esou datt de Schäfferot seng Politik an Zukunft duerno ausriichte kann.
D'Diddelenger Populatioun ass ëm 20 Prozent gewuess
D’Gemeng Diddeleng läit am Südlechsten Eck vum Land un der Grenz mat Frankräich ronderëm d’Gemenge Beetebuerg, Roeser a Kayl.
D’Lag vun Diddeleng huet am Observatoir eng wichteg Roll gespillt, wéi Laurent Pacht vum LISER erkläert.
"Juste pour mémoire: 10 .328 emplois à Dudelange dont 55 pourcent qui sont occupés par des personnes résidentes à l'étranger, dont 40 pourcent français."
An de leschte 25 Joer wier d’Populatioun vun Diddeleng ëm 20 Prozent erop gaangen. Dëst hätt ënner anerem zu Drock am Logementssecteur zu Diddeleng gefouert, heescht et an der Analys.
Ënnerscheeder beim Wunnen, also och bei der Liewensqualitéit
Am Joer 2021 hu ronn 55 Prozent vun den Awunner:innen zu Diddeleng uginn an engem Haus ze wunnen. Den Duerchschnëtt am Grand-Duché läit bei 53,3 Prozent. An de Gemenge ronderëm ass dësen Taux däitlech méi héich. Zu Beetebuerg wunne beispillsweis iwwer 65 Prozent vun de Leit an engem Haus. Zu Käerjeng sinn et esouguer 70 Prozent.
Eigentlech brauch ee guer net bis an d’ Nopeschgemenge kucken ze goen. Och an den 13 Quartiere vun Diddeleng ginn et grouss Ënnerscheeder wat d’Wunnsituatioun an och d’Liewensqualitéit ugeet.
An de nërdleche Quartiere Ribeschpont, Biereng oder Wolkeschdall wier dës däitlech méi héich. Anescht gesäit et am Zentrum an am Süden aus, wéi Kristelle Leduc vum LISER erkläert.
"Dans le quartier Centre Schmelz et Italie, on recense entre 19 et 21 pourcent de la population qui vit en dessous du seuil de pauvreté, donc c'est le double de la moyenne communale, voire le triple par rapport à certains autres quartiers."
Am Verglach mam ganze Grand-Duché wier d’Liewensqualitéit zu Diddeleng e bësse méi niddereg. Den Taux de Pauvreté wier awer quasi d’selwecht. An der Etüd sinn nieft der Wunnsituatioun ënner anerem och d‘Altersverdeelung an d’Familljekonstellatioun analyséiert ginn.
"La part de familles monoparentales, on voit qu'elle est le double par rapport au Grand-Duché. Elles sont à 9 pourcent."
Diddeleng ass méi jonk ginn
Am Quartier Brill, dat heescht am Zentrum vun Diddeleng, géifen déi meeschte Famillje Mono-Parenteaux wunnen, esou Kristelle Leduc.
"Puisque dans ce quartier-là, on compte 15 pourcent de familles monoparentales, qui peut être due à la proximité des services éducatifs ou au marché du logement de ce quartier."
An 80 Prozent vun de Fäll géifen elengerzéiend Famillje vu Frae gefouert ginn, esou nach d’Chercheuse vum Liser.
Wat d’Altersmoyenne ugeet, ass Diddeleng am Schnëtt an de leschte Joren e bësse méi jonk ginn.
"Le Grand-Duché par rapport aux autres pays européens, la population vieillit, mais moins modérément que dans les autres pays – grâce à une forte population étrangère qui est en moyenne plus jeune. En 10 ans – entre 2011 et 2021 –, les habitants de Dudelange ont gagné un ans d‘age moyen."
De Buergermeeschter Dan Biancalana wëllt d’Erkenntnisser aus dëser Etüd notze fir esou Phänomener an Zukunft ze verhënneren.
"Il y a une question à adresser certainement en tant que ville, vu les analyses qui ont été faites. Ce constat adressé au fond du logement, au Ministère du Logement, et en même temps au Ministère de l'Aménagement du Territoire, c'est le même ministre, par rapport à la cohésion territoriale à mettre en place."
D'Ënnerscheeder missten elo opgefaange ginn
Et misst ee sech och froen, wéi ee mat den Ënnerscheeder tëschent dem Norden an dem Süde vun der Gemeng sollt ëmgoen, esou den Dan Biancalana.
"Je crois que c'est la volonté politique de la Commune, que cet écart s'amoindrit. On ne veut pas que cet écart se creuse encore d'avantage à travers les analyses qui ont été faites."
De Buergermeeschter bezitt sech hei virun allem op de Quartier „Nei Schmelz“. An den nächste Jore sollen hei iwwer 1.000 Logementsunitéite gebaut ginn, esou de LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana.