arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vol a Vandalismus um Kierfecht zu Beetebuerg: Schued léisst sech schwéier berechnen

Beetebuerg

|
reading time

2 min

Vol a Vandalismus um Kierfecht zu Beetebuerg: Schued léisst sech schwéier berechnen

Nodeems virun e puer Wochen um Kierfecht zu Hollerech Vandalismus gemellt gouf, huet gëschter d'Gemeng Beetebuerg matgedeelt, datt och hire Kierfecht ugangs der Woch Affer vu muttwëlleger Zerstéierung ginn ass. 67 Griewer wiere beschiedegt ginn, seet den CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Jans.

reading time

2 min

De Beetebuerger Kierfecht | © Commune de Bettembourg
De Beetebuerger Kierfecht (Foto: Commune de Bettembourg)

Bis ewell géif et keen Indice dofir ginn, datt et sech ëm déi selwecht Leit handelt, déi zu Hollerech um Kierfecht geklaut hunn. Et wieren awer déi selwecht Materiale viséiert gewiescht. 

De Schued léisst sech schwéier berechnen 

An der Haaptsaach wiere Kräizer a Jesusfigure geklaut ginn. Déi hätte wuel ee gewësse Wäert, mengt de Jean-Marie Jans am 100,7-Interview. 

"Déi si jo aus Bronze oder aus Messing. Mir denken, datt de Kilospräis do ausschlaggebend ass an déi fir vill méi Geld da kënne verkaaft ginn."

Elo hätt een de ganze Schued fotograféiert. Déi betraffe Famillje géifen och kontaktéiert ginn.

Wéi héich de materialle Schued ass, wier nach ganz schwéier ofzeschätzen, mengt de Jean-Marie Jans. 

"Déi Figure sinn net alleguerten d'selwecht grouss, sinn och warscheinlech net all aus där selwechter Matière. De Präis, deen déi Gangster pro Kilo kréien, dee läit bei fënnef bis aacht Euro, wat en immens klenge Wäert ass par rapport zu deem, wat déi Leit natierlech alleguerte misste bezuelen fir déi Figuren ze ersetzen, déi jo awer e puer Dausend Euro kaschten." 

Derbäi kéimen nach déi Aarbechten, déi elo ustinn, fir de Schued ze besäitegen. 

Ob a wéi een d'Kierfechter an der Gemeng Beetebuerg an Zukunft besser schütze wëllt, dat misst elo am Gemengerot beschwat ginn, esou de Buergermeeschter. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Beetebuerger Buergermeeschter Jean-Marie Jans