D’FindelClinic ass e Projet vun der fréierer Spëtzt vun der Dokter- an Zänndokteschassociatioun AMMD, den Dokteren Alain Schmit a Philippe Wilmes, zesumme mat Promoteuren a Geschäftsleit.
Den Dokter Wilmes gouf viru ronn dräi Wochen esouwuel vun den Hôpitaux Robert Schuman, wéi och vun der Gesondheetsministesch partiell fir dräi Méint vu senger chirurgescher Aarbecht suspendéiert, wéinst de Virwërf hien hätt gesond Kräizbänner operéiert.
Bis ewell gouf d’Findelclinic vun de Grënner als en Immobilieprojet beschriwwen, bei deem Lokalitéite mat där néideger Administratioun un Dokteren aus dem In- an Ausland solle verlount ginn.