Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Erausfuerderunge vun der Kooperatioun am Laos

Aarbechtsvisitt am Laos

D'Erausfuerderunge vun der Kooperatioun am Laos

D’lescht Woch war de Kooperatiouns- an Ausseminister Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt an de Laos, en Nopeschland vum Vietnam am Südoste vun Asien. De Laos ass dat Land, an dat ee Groussdeel vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef fléisst. Tëschent 2022 an 2027 sinn dat ronn 98 Milliounen Euro.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

© MAEE play_arrow
Foto: MAEE

Um Programm vun der Aarbechtsvisitt stoung ënnert anerem een Duerf, an deem d’Agence LuxDevelopment aktiv ass. Déi ländlech Géigenden am Laos sinn trotz Entwécklungshëllef net mat deem ze vergläichen, wat een aus Europa kennt.

Dat éischt Duerf, dat mir kucke waren, Nathong, läit ronn 90 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad Vientiane. Aktuell liewen eng 350 Mënschen an deem Duerf opgedeelt op 65 Stéit. Duerch déi Lëtzebuerger Kooperatioun gouf hei eng Bréck, ee Waasserversuergungssystem an eng Schoul opgebaut.

Schutz virun Iwwerschwemmungen

E Floss deen duerch d'Duerf fléisst ass an der Ree-Saison dacks iwwerschwemmt, wouduerch d'Duerf quasi an zwee gedeelt ass. Mat där Bréck ass dat net méi de Fall an d’Kanner mussen zum Beispill keng Angscht méi hu fir an d’Schoul ze kommen.

D'Haiser sinn aus deem gebaut, wat disponibel ass - Holz, Bambus, zum Deel och méi zolidd aus Steen. Nëmmen déi räich Leit aus dem Duerf liewen an hëlzenen Haiser déi op Stelze stinn, fir se virun Iwwerschwemmungen ze schützen.

De Bounkong, Representant vum Duerf, begréisst d'Projeten zesumme mat Lëtzebuerg an hofft, datt déi nach laang bestoe bleift. Fir d’Zukunft huet hien sech zwou Prioritéite gesat: een Uschloss un d’Haaptstrooss, an een zentralen Treffpunkt, wou sech all d’Bewunner zesummefanne kënnen.

Ernierungsprogramm vun der Caritas

Nieft der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, déi iwwer d’Agence LuxDevelopment geleescht gëtt, sinn och eng Rei ONGen am Laos aktiv. D’Caritas zum Beispill ass an am ganze 37 Dierfer aktiv.

An engem Duerf leeft zesumme mat Caritas ee Programm fir eng gutt Ernärung, virun allem bei Kanner, sécherzestellen. Ronn een Drëttel vun de Kanner am Alter tëschent 0 a fënnef Joer sinn ënnererniert, erkläert de Robert Kohl vun der Caritas.

Dofir wéilt een och de Mammen déi néideg Informatioune fir eng richteg Ernierung bei Kanner vermëttelen. Dat geschitt zum Beispill iwwert ee Gemeinschafts-Gaart am Duerf. Och schafft d’Caritas do am Beräich “Disaster Management”, dat heescht si informéieren d’Bewunner zum Beispill doriwwer, wéi ee sech gutt kann op Iwwerschwemmunge preparéieren, a wéi een am Noutfall richteg reagéiert.

Inflatioun deet ONGen ze schafen

Nieft administrativen Hürden op der Platz bereet virun allem déi héich Inflatioun den ONGe Kappzerbrieches, betount de Robert Kohll. D’Inflatioun huet natierlech Konsequenzen op de Budget. Dofir probéiert d’Caritas, verschidden Aktivitéiten ze kombinéieren, a méi Dierfer op enger Platz ze versammelen, fir hir Hëllef ze leeschten.

 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft