arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’EU kéint zum stäerksten Handelsinstrument gräifen: der ”Handels-Bazooka”

US-Droungen

|
headphones

4 min

D’EU kéint zum stäerksten Handelsinstrument gräifen: der ”Handels-Bazooka”

Wéi soll d’Europäesch Unioun op déi neiste Menacen aus dem Wäissen Haus reagéieren? Wat kann d’EU iwwerhaapt maachen? Eng méiglech Äntwert op d’US-Droungen ass déi sougenannt Handels-Bazooka, déi an dësen Deeg zu Bréissel an aller Mond ass.

headphones

4 min

© picture alliance / SULUPRESS.DE | Torsten Sukrow / SULUPRESS.DE
(Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE | Torsten Sukrow / SULUPRESS.DE)

Et handelt sech dobäi ëm een Anti-Coerciouns-Instrument. Deen Numm “Bazooka” huet et, well et als dat stäerksten Instrument an der Geschierkëscht vun der EU ugesi gëtt. D’EU huet dat Instrument schonn zënter Enn 2023. Agesat gouf et bis ewell nach ni.

Stäerkst Instrument aus der EU-Geschierkëscht

De But ass et ze verhënneren, datt d’EU kann ekonomesch erpresst ginn. Ursprénglech hat een do u China geduecht, mee zënter dem Wiessel am Wäissen Haus réckelen d’USA als méigleche Kandidat, fir d’Instrument eng éischte Kéier ze applizéieren, ëmmer méi an d’Diskussioun.

Et gesäit Géigemesuren ewéi Douanestaxen, Handels-Restriktiounen, limitéierten Accès op ëffentlech Programmer oder Finanzmäert a villes méi, vir.

D’EU fillt sech prett 

Bis ewell waren net genuch EU-Memberlänner dofir, déi Bazooka géint d’USA anzesetzen. Dat awer kéint sech änneren, wann d’USA nei Douanestaxen imposéieren. 

Eng Partie Länner, beispillsweis Frankräich, ware scho méi laang der Meenung, datt et un der Zäit wier, datt d’Bazooka zum Asaz kënnt.

D’EU-Kommissioun, déi hei eng Haaptroll spille géif, fillt sech prett fir den Asaz, esou de Spriecher vun der Kommissioun, den Olof Gill.

"Jo, mir sinn eis bewosst, wéi een et benotzt a wéini een et benotzt. An Dir hutt Recht, d'Haaptzil ass et als Ofschreckung ze déngen."

Als Ofschreckung déngen 

Et wéisst een et anzesetzen. Säin éischt Zil wier trotzdeem, als Ofschreckungswaff ze wierken.

Ënner de Memberlänner schéngt d’Stëmmung ze kippen. Déi, déi laang méi virsiichteg waren ewéi Däitschland, kéinten elo och prett sinn.

“Wir lassen uns nicht erpressen.” 

Esou den däitschen SPD-Finanzminister, de Lars Klingbeil.

“Da will ich hier klar sagen, diese Massnahmen müssen jetzt für den Fall, dass Präsident Trump diese Zölle aufrechterhält, müssen sie jetzt geprüft und vorbereitet werden.”

D’EU huet zënter dem Summer d’lescht Joer eng Lëscht prett mat US-amerikanesche Produiten, op deene sollten Douanestaxen erhuewe ginn. Déi 27 EU-Länner hunn hiren Accord dofir ginn.

Keen neien Accord tëschent den EU-Länner néideg 

D’Ëmsetze vun deenen Taxe gouf awer dono en suspend gesat, nodeems sech am August béid Säiten a Schottland eens gi sinn iwwer een Deal.

Deen Deal gouf duerno vu verschiddene Säiten als onfair géintiwwer der EU bezeechent. E gesäit nämlech vir, datt d’USA 15 Prozent Douanestaxen op deene meeschten EU-Exporter ophiewen, wärend am Géigenzuch d’Taxe fir US-amerikanesch Produite gréisstendeels ewechfalen.

Dat awer kéint sech elo änneren andeems déi am Summer decidéiert europäesch Douanestaxen awer a Kraaft trieden.

Een neien Accord ënner de 27 EU-Länner ass net néideg. Am Géigendeel: Déi Taxen trieden automatesch de 7. Februar a Kraaft, et sief dann d’Majoritéit schwätzt sech dofir aus, se weider ze suspendéieren.

Betraff wieren US-amerikanesch Fliger-Hiersteller ewéi Boeing, amerikanesch Autoen, awer och Bourbon oder Sojabounen, genee ewéi Harley Davidson Motorrieder a Levis Jeans. Och Medezinesch Geräter, Chemikalien oder Plastik stinn op der Lëscht

Sinn d’US-Droungen iwwerhaapt realistesch?

Dee ganze Pak ass verschiddene Medien no eng 95 Milliarden Euro wäert. Verschidde Produite waren op Drock vu Memberlänner erofgeholl ginn. Déi hate Géigemesuren aus den USA gefaart.

Den US-amerikanesche President huet jo mat neie Stroftaxe gedreet, géint ënner anerem Frankräich, Däitschland, Schweden an Holland - Länner, déi Zaldoten op Grönland geschéckt haten.

Kann den Donald Trump eenzel EU-Länner duerch méi héich Taxe bestrofen, oder hänkt do automatesch déi ganz EU mat dran?

Net onméiglech, awer komplizéiert, esou d’Äntwert vum Kommissiounsspriecher.

"Aus Zoll- a Betribssicht ass et praktesch ganz schwéier, Wueren ausschliisslech engem eenzege Memberstaat zouzeschreiwen."

Iwwer déi europäesch Äntwert op déi neiste Menacen aus den USA wëllen d’Staats- a Regierungscheffen en Donneschdegowend op engem Spezial-EU-Sommet diskutéieren.