Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Mountains & Valleys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘ECDC rechent domat, datt nei Fäll vu Riedele wäerten optauchen

Gesondheet

D‘ECDC rechent domat, datt nei Fäll vu Riedele wäerten optauchen

Zanter 2019 wier kee Fall vu Riedele méi zu Lëtzebuerg gemellt ginn. Dat preziséiert d‘Gesondheetsministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Viru fënnef Joer gouf et 21 confirméiert Fäll vu Riedelen hei am Land.

auto_stories

1 min

Fir d‘Situatioun am A ze behalen, wieren déi national Autoritéiten am reegelméissegen Echange mat der europäescher Gesondheetsagence, ECDC an der WHO. D'ECDC rechent domat, datt nei Fäll vu Riedelen an den nächste Méint wäerten optauchen.

Besonnesch am Fréijoer, dat wéinst engem weltwäit gekuckt ze nidderegen Impftaux. Der Weltgesondheetsorganisatioun no missten iwwer 95 Prozent vun der weltwäiter Populatioun zwou Impfdosisse kréie fir de Virus ze eliminéieren. Zu Lëtzebuerg läit deen Taux bei ongeféier 90 Prozent.