Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Billie Marten - Crown

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Drénkwaasser zu Miersch muss net méi ofgekacht ginn

Gemeng Miersch deelt mat

D'Drénkwaasser zu Miersch muss net méi ofgekacht ginn

D’Krunnewaasser zu Miersch kann nees ouni Bedenke gedronk ginn, dat deelt d’Gemeng Miersch mat. Virun enger Woch gouf zu Miersch ee Problem mam Drénkwaasser gemellt. Den technesche Service vun der Gemeng hat op Nofro hi matgedeelt, datt bei enger systematescher Analys Bakterien am Drénkwaasser fonnt goufen. An Tëschent ass och gewosst wéi et zu där Verknaschtung komm ass.

auto_stories

2 min

D’Verknaschtung am Drénkwaasser zu Miersch wier op de schwaarze Pëtz zu Recken zeréckzeféieren. Analysen hätten de Verdacht schlussendlech bestätegt, erkläert de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe.

Vun där Quell aus wieren E.-coli Bakterien an den Haaptbaseng komm, deen d’Drénkwaasser duerch ganz Miersch verdeelt. D’Waasser wier doropshi chloréiert ginn an all d‘Waasserleitunge wieren duerchgespullt ginn. D‘Krunnewaasser kéint elo un nees ouni Bedenke gedronk ginn, verséchert de Buergermeeschter. Scho vu leschte Freideg un, hätten d’Prouwen erginn, datt d’Waasser net méi belaascht wier.

"An e Méindeg ware mer eis sécher, datt elo näischt méi dra wier. An da muss d’Waasserwirtschaftsamt déi Analysen och eng Kéier kréien a kontrolléieren a lo hu si eis de Moien de feu vert ginn, datt erëm alles an der Rei ass."

Genuch Waasser disponibel

De schwaarze Pëtz ass elo mol ganz ausser Betrib geholl ginn. De Responsabele vum Service Technique, André Kaluza, mécht sech awer keng Suergen, datt d’Drénkwaasser zu Miersch kéint knapp ginn. Virun allem elo an der Summervakanz wiere vill Leit net do an d’Consommatioun vum Drénkwaasser wier extrem niddereg.

"A wa lo méi Waasser gebraucht gëtt, no der Rentrée, dee Moment kënne mir och nach op SEBES zougräifen."

Méi déif Pëtze sinn a Planung

De schwaarze Pëtz zu Recken géif entweder technesch opgerüst ginn, mat enger méi staarker Chloréierung, oder aneren zousätzlechen Installatiounen, oder komplett duerch een anere Pëtz ersat ginn, esou de Reponsabele vum Service Technique. Parallel géifen awer och Projete lafe fir Waasser an Déifte vun 150 bis 180 Meter sichen ze goen. Bei esou déiwe Buerunge kéint de Risiko vun enger Verknaschtung komplett evitéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow