D'Claudia Monti trëtt als Presidentin vun HUT zréck
Wéi d'Presidentin vun HUT - Hëllef um Terrain - bei RTL ugekënnegt huet, trëtt si op den 31. Januar vum Posten zeréck. De Grond dofir wier een Interessenskonflikt wéinst engem neie Poste bei engem Ministère.
Claudia Monti, Presidentin "Hëllef um Terrain" (Foto: Chris Zeien)
Ëm wéiee Ministère et sech dobäi handelt, huet d'Claudi Monti net preziséiert. Et hätt awer eppes mat Mënschrechter ze dinn.
D’Claudia Monti ass zënter siwe Méint Presidentin vun Hëllef um Terrain, der Nofolleg-Organisatioun vun der Caritas, déi nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas gegrënnt gi war.
Wie si bei HUT um Presidenteposte wäert ersetzen, ass nach net gewosst.