Risike fir Aarbechter wieren ënner anerem extreem Keelt, UV-Stralen duerch d'Sonn oder d'Expositioun zu agrocheemesche Produkter, seet den David Büchel, Conseiller de direction bei der CSL.
"Si kréien dann och méi oft kierperlech Impakter duerch de Klimawandel, dat dréckt sech dann aus duerch kardiovaskulär Krankheeten, Problemer mat den Nieren, mental Problemer, awer och psychosozial Problemer, well de Stress, dee steigt, wann een ënner deene Konditioune muss schaffen."