Um Kongress gouf de Patrick Dury fir ee weidert Mandat als President confirméiert. Hie war deen eenzege Kandidat fir de Posten, an et koum dowéinst net zu engem Vott, esou ewéi dat an de Statutten, bei enger eenzeger Kandidatur virgesinn ass.
Opgefall ass och d’Präsenz vun der OGBL-Presidentin Nora Back, grad ewéi hirem Virgänger de Jean-Claude Reding. Dat ass eigentlech an deene leschte Joerzéngten du jamais vu gewiescht, datt de President oder d’Presidentin vun där enger Gewerkschaft um Kongress vun där anerer mat derbäi war. Een Zeechen dofir datt béid Gewerkschaften eng gemeinsam Gewerkschaftsfront forméieren.
LCGB-OGBL-Resolutioun eestëmmeg ugeholl
Um Kongress gouf och eng gemeinsam OGBL-LCGB urgent Resolutioun eestëmmeg ofgestëmmt. Déi huet d’Zil d’Rechter an déi sozial Acquise vun de schaffende Leit an de Pensionéierten ze verdeedegen. Den OGBL wëll op sengem Kongress Enn Mäerz doriwwer ofstëmmen.
Béid Gewerkschafte wëllen an Zukunft an enger Rei Dossieren zesummeschaffen. Dorënner d’Kollektivverträg, Ëffnungszäiten an de Geschäfter, Besteierung, Pensiounen, Krankeversécherung, Organisatioun vun der Aarbechtszäit, gläich Rechter fir Residenten a Frontalieren a schlussendlech d’Versammlungsrecht.
An där Resolutioun gëtt ënnerstrach datt de Sozialstaat, grad ewéi de Sozialdialog a Sozialmodell wéi nach ni virdrun a Fro gestallt géif ginn.
Den LCGB-President huet vun enger Noutwendegkeet geschwat. Et géif keng Alternativ ginn zu där Resolutioun ginn, well een de Kampf misst zesummen ugoen.
Um Kongress vum LCGB gouf nieft der Resolutioun och een Aktiounsprogramm vun der Gewerkschaft eestëmmeg ugeholl.
Aktiounsprogramm fir déi nächst 5 Joer
Deen Aktiounsprogramm wier an Zäite vun de multipele Krisen an enger "frontaler Attack vun der Regierung op all déi sozial Errongeschaften" ausgeschafft ginn, preziséiert de Christophe Knebeler Vizegeneralsekretär vum LCGB.
Et si fir déi 5 nächste Joren 11 verschidde Kapitele festgehalen, déi vill Beräicher couvréieren. Ënner anerem geet et ëm eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, déi favorabel misst si fir d‘schaffend Leit, sou d’Fuerderung. Dorënner gëtt eng generell Aarbechtszäitverkierzung gefrot wéinst de Produktivitéitsgewënner duerch d‘KI. Iwwerdeems fuerdert den LCGB een Zäitspuerkont fir de Privatsecteur.
Ee wichtege Volet ass dann och de Gesondheets a Pensiounssystem, an déi finanziell Situatioun bei der CNS. Grad ewéi d’Schafe vun neie Recettë fir de Pensiounssystem.
Et sinn an deem ganze Katalog vill Punkten dran déi och an de nächste Méint fir vill Diskussioune wäerte Suergen.
An déi stinn am Mëttelpunkt vun der Ried vum President Patrick Dury.