Dësen éischte Kollektivvertrag géif Garantië ginn, fir d‘Aarbechtskonditiounen a Remuneratioun vun den 1.200 Salariéen, déi bei Luxcargo Handling transferéiert goufen, esou d‘Gewerkschaften.
Si kéinten ënner anerem vun enger Aarbechtsgarantie profitéieren. Dat heescht, datt et och bei eventuellem "sur-effectif", also ze vill Personal, net zu Licenciementer aus ekonomesche Grënn wäert kommen. An datt Luxcargo Handling, fir de Fall wou awer manner Leit do gebraucht ginn, „plan de maintien dans l‘emploi“ mat de Syndikater verhandelt.